Lëtzebuergesch an den ëffentlechen Europaschoulen: eng Ëmfro, déi déif blécke léisst!

Zu de Resultater vun enger Ëmfro vum SEW/OGBL iwwer Lëtzebuergesch an den ëffentlechen Europaschoulen huet de Fred Keup e puer Froen un de Schoulminister.

Fro:

An den ëffentlechen internationalen an europäesche Schoule spillt d’Fach Lëtzebuergesch eng zentral Roll fir déi sproochlech a gesellschaftlech Integratioun vun de Schüler. Gläichzäiteg héiert een ëmmer erëm, dass Lëtzebuergesch an dëse Schoule staark vernoléissegt gëtt. Fir deem op de Gronn ze goen, huet den SEW/OGBL eng Ëmfro ënner diploméierte Lëtzebuergesch-Proffen an ëffentlechen internationalen an europäesche Schoulen duerchgefouert, un där ronn 50% vun de betraffene Léierpersounen deelgeholl hunn. Besonnesch alarmant ass dobäi, dass 88,9 % vun de Befroten der Meenung sinn, dass déi aktuell Kaderbedéngunge vum Fach Lëtzebuergesch an dëse Schoulen eleng net duerginn, fir déi uviséiert Léierziler tatsächlech ze erreechen.

Virun dësem Hannergrond stellen sech eng Rei Froen zur Ausgestaltung an Zilsetzung vun deene vum Här Minister am Hierscht 2025 an der Chamber ugekënnegten Upassunge vum Lëtzebuergesch-Unterrecht an den ëffentlechen internationalen an europäesche Schoulen:

  • Wéi beurteelt den Här Minister d’Resultater vun där vum SEW/OGBL duerchgefouerter Ëmfro, besonnesch d‘Aschätzung vun der grousser Majoritéit vun de Befroten, no där déi aktuell Kaderbedéngunge vum Fach Lëtzebuergesch an dëse Schoulen eleng net duerginn, fir déi uviséiert Léierziler tatsächlech ze erreechen?
  • Wéi eng konkret Schlussfollgerungen zitt den Här Minister aus de Resultater vun dëser Ëmfro fir déi ugekënnegt Upassunge vum Lëtzebuergesch-Unterrecht an den ëffentlechen internationalen an europäesche Schoulen?
  • Wéi beurteelt den Här Minister den aktuelle Stellewäert vum Lëtzebuergesch-Unterrecht an den ëffentlechen internationalen an europäesche Schoulen, besonnesch am Hibléck op den de facto niddrege Sproochniveau vun de Schüler an dësem Fach?
  • Wéi eng konkret Grënn gesäit den Här Minister dofir, dass Lëtzebuergesch an den unerkannten europäesche Schoulprogrammer bis elo net als Promotiounsfach behandelt gëtt? Préift d‘Regierung aktuell eng entspriechend Upassung?
  • Wéi stellt den Här Minister sécher, dass déi betraffe Léierpersounen kontinuéierlich an d’Planung an d’Ëmsetze vun den ugekënnegten Upassunge vum Lëtzebuergesch-Unterrecht an den ëffentlechen internationalen an europäesche Schoulen agebonne ginn?

Deel dëse Post: