D’ADR setzt sech säit Jore kontinuéierlech fir d’Unerkennung fir Lëtzebuergesch als EU-Sprooch an, a viru kuerzem huet eisen Deputéierte Fernand Kartheiser och am EU-Parlament seng éischt Ried an eiser Nationalsprooch gehalen. Schockéiert huet hien awer, genausou wéi vill Lëtzebuerger Bierger misste feststellen, datt déi aner Lëtzebuerger an deem Haus nach de Geck mat dësem essentiellen Uleies gemaach hunn, a wéi d’Isabel-Wiseler-Lima vun der CSV, vun “enger Zirkusnummer” geschwat hunn. D’Tilly Metz vun deene Gréngen huet sengersäits gemengt, dëse Schratt wier total irrealistesch, well e 40 Milliounen Euro/Joer kascht. Mol ofgesinn dovun, datt et sech dobäi ëm e Brochdeel vu Beträg handelt, déi de Staat op anerer Plaz carrement verbrennt, ouni, datt wéi an dësem Fall en onbezuelbare Géigewäert vis-à-vis géif stoen, stellt sech virun allem d’Fro, wou déi Zuelen iwwerhaapt hierkommen. Berouen se ieren op engem komplett irrealisteschen Zenario, wouno all eenzel Verwaltungsschrëftstéck sollt iwwersat ginn, wat absolut net den ADR-Fuerderungen entsprécht? De Fred Keup verlaangt vun der Regierung konkret Zuelen, wat eng Unerkennung vum Lëtzebuergeschen als EU-Sprooch jee no Modalitéite vun den Iwwersetzunge wierklech géif kaschten.