Lëtzebuerg a Sportleeschtung

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Jeff Engelen.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.

Lëtzebuerg huet am Leeschtungssport kee Grond méi, sech ze verstoppen. D’Resultater vun eisen Athleten op der Weltbün si bemierkenswäert. Wéi och ëmmer déi Lëtzebuerger Sportler bei den Olympesche Spiller zu Paräis ofschneide wäerten, d’Qualifikatiounscampagne war méi wéi erfollegräich a stellt ënner Beweis, datt Lëtzebuerg Ambitiounen huet.

An engem Artikel, deen den 22. Juli 2024 am Luxemburger Wort publizéiert gouf (“Luxemburg könnte als Sportnation viel erfolgreicher sein”), gëtt drop higewisen, datt e Manktem un Traineren an Trainingsgruppen nach bessere Resultater am Wee steet.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Wéi wëll d’Regierung d’Entwécklung vun de Lëtzebuerger Sportsinfrastrukture virundreiwen?
  • Wéi eng Moyene wëll d’Regierung asetzen, fir méi an nach besser Traineren unzezéien?
  • Wéi eng Moyene wëll d’Regierung asetzen, fir méi Trainingsgruppen op héchstem Niveau ze hunn? Wëll sech d’Regierung hei un eisen Nopeschlänner inspiréieren?

 

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: