Kris an der Automobilindustrie impaktéiert och Lëtzebuerg

D’Kris an der Automobilindustrie ass politesch gesteiert. Wëll och eis Regierung dat onsënneg a geféierlecht Spill matspillen?

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

Déi europäesch Automobilindustrie ass a grousse Schwieregkeeten. D’Nofro, besonnesch och bei den Elektroautoen, ass ganz niddreg. Dobäi sinn déi ganz ambitiéis Reduktiounsstandarden, déi geméiss der EU-“Clean Air for Europe”-Regulatioun  vun 2025 u gëllen, fir d’Industrie net méi ze erreechen. Dat heescht awer, datt d’Automobilindustrie Milliarden u Strofe muss bezuelen, wat d’Kris an deem Secteur nach eemol verschäerfe wäert. Och zu Lëtzebuerg sinn eng Rei vun Entreprisen direkt betraff, wann et der europäescher Automobilindustrie net gutt geet.

No Artikel 122(1) vum Vertrag iwwer de Fonctionnement vun der Unioun kann de Conseil, op Virschlag vun der Kommissioun, am Fall vu groussen ekonomesche Schwieregkeeten an am Geescht vun der Solidaritéit gëeegent Moossname virschloen, fir esou enger Situatioun entgéint ze wierken.

Dowéinst wollte mir der Regierung dës Froe stellen:

  1. Assd’Regierung bereet, fir bei der Kommissioun an am Conseil dee Sujet unzeschwätzen an d’Applikatioun vum Artikel 122 (1) ze proposéieren?
  2. Ass d’Regierung bereet, dofir ze plädéieren, datt déi Reduktiounsreglementatiounen sollen iwwerpréift an esou ugepasst ginn, datt si realistesch sinn an d’Automobilindustrie net virun onméiglech Aufgabe stellen?

Mat déiwem Respekt, Fred Keup / Tom Weidig – Deputéierten

Deel dëse Post: