Keng Erënnerung un d’technesch Kontroll?

A kaum engem anere Land op der Welt muss ee mat engem private Gefier sou dacks op d’technesch Kontrollstatioun wéi zu Lëtzebuerg. Fir hei den Iwwerbléck ze behalen, kritt ee vum Ministère zwee Méint virdrun e Bréif mat där entspriechender Erënnerung. Anscheinend goufen dës wéinst engem Feeler am System awer anscheinend eng Zäit laang net verschéckt. Wéi eng Konsequenzen huet dat fir déi betraffe Proprietären?

Deel dëse Post: