Intim Fotoe vu Patientinnen un d’CNS: Wou bleift de Schutz vun hirer Privatsphär?

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

An engem rezenten LW-Artikel (“Nach dem Brustkrebs beginnt der Kampf mit der CNS”) gëtt iwwer Patientinne bericht, bei deenen de Contrôle médical de la sécurité sociale (CMSS) fir verschidden Agrëffer un der Broscht Faarffotoe vu vir a vum Profil verlaangt.

Dës Fotoe sollen ausgedréckt a per Post un den „Service prestations des médecins“ vun der CNS geschéckt ginn. Laut dem Artikel ginn d’Fotoen an der Reegel vum behandelnde Chirurg gemaach a weidergeleet. Fir d’Patientinne wier dobäi net ëmmer kloer, wat mat de Fotoe geschitt, wien déi gesäit, wou déi versuergt ginn a wéini se zerstéiert ginn.

Eng perséinlech Ënnersichung duerch e Kontrollmedezinner gëtt anscheinend net als Alternativ ugebueden. Als Begrënnung gëtt op den zäitlechen Opwand vun esou Rendez-vouse souwéi op déi limitéiert Disponibilitéite verwisen.

Et handelt sech hei ëm besonnesch intim Gesondheetsdaten. Am Sënn vum Grondsaz vun der Dateminimiséierung däerfen awer nëmmen déi Donnéeën erhuewen a verschafft ginn, déi fir déi jeeweileg Bewäertung tatsächlech néideg sinn. Ausserdeem muss fir d’Patientinne kloer sinn, firwat dës Fotoe gebraucht ginn a wéi se verschafft a geschützt ginn.

An eisen Nopeschlänner gëtt deels anescht virgaangen. An Däitschland kann den “Medizinischer Dienst” eng perséinlech Ënnersichung maachen, wann eng Bewäertung op Basis vum Dossier net duergeet. An der Belsch bleiwen d’Fotoe bei bestëmmte Broschtverklengerunge beim Chirurg a ginn dem “médecin-conseil” nëmmen op Nofro hin zur Verfügung gestallt. Fir déi regulär Ugläichung vun der anerer Broscht no enger Mastektomie ass do keng systematesch Iwwermëttlung vu Fotoe virgesinn. Och a Frankräich ass aus den ëffentlech zougängleche Reegele keng allgemeng Flicht ersiichtlech, fir bei esou Agrëffer systematesch intim Fotoen un d’Assurance maladie ze schécken.

Dofir géing ech gär follgend Froen un d’Madamm Gesondheetsminister stellen:

  1. Op wéi enger rechtlecher oder administrativer Grondlag verlaangt de CMSS bei verschiddenen Agrëffer Faarffotoe vun der entbléisster Broscht? Bei wéi engen anere konkrete chirurgeschen Agrëffer gëtt dës Prozedur gefuerdert?
  2. Aus wéi enge medezinesche Grënn sinn dës Fotoe fir d’Bewäertung vum Dossier néideg? Gouf iwwerpréift, ob e begrënnte Rapport vum Chirurg oder aner medezinesch Ënnerlagen duerginn?
  3. Ass d’Regierung bereet, eng perséinlech Ënnersichung duerch e Kontrollmedezinner als Alternativ unzebidden? Wann nee, firwat net?
  4. Kann d’Prise en charge refuséiert ginn, wann eng Patientin d’Fotoe refuséiert, awer mat enger perséinlecher Ënnersichung averstanen ass?
  5. Wie mécht d’Enveloppen op a wéi eng Persounen hunn Zougang zu de Fotoen?
  6. Ginn d’Fotoen digitaliséiert? Wéi laang ginn se gespäicherta wéi gëtt hir Zerstéierung respektiv Läschung séchergestallt?
  7. Goufen déi zoustänneg Dateschutzbeoptraagten agebonnen an eng Dateschutzkontroll duerchgefouert?
  8. Wéi vill Patientinne waren an de leschten zéng Joer vun dëser Fuerderung betraff? A wéi ville Fäll gouf d’Prise en charge wéinst feelende Fotoe refuséiert?
  9. Ass d’Regierung bereet, dës Prozedur ze iwwerpréiwen an dobäi d’Praktiken an eisen Nopeschlänner ze berécksiichtegen?

Mat déiwem Respekt,

Alexandra Schoos

Deputéiert

 

D’Fro vun der Deputéiert Alexandra Schoos fannt Dir hei:

https://www.chd.lu/fr/question/31379

Deel dëse Post: