Integratioun vun der Mikromobilitéit an de Verkéier

D’Integratioun vun der Mikromobilitéit, virun allem Vëloen an E-Trottinetten an de Verkéier suergt nawell dacks fir Konflikter mat de Foussgänger, well verschidde Chaufferen et um néidege Respekt virun de Reegelen a virun allem hire Matmënsche vermësse loossen. Allerdéngs hunn d’Foussgänger an och d’Autoschauffere genausou verdéngt, datt ee Récksiicht op si hëlt, wéi all déi aner och. Entstinn déi Situatiounen och doduerch, datt bestoend Reegelen an deem Beräich aus politeschem Interessi méiglecherweis net duerchgesat ginn? Eng parlamentaresch Fro vum Michel Lemaire:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

D’Integratioun vun der Mikromoblilitéit, an de Verkéier, notamment E-Trottinetten awer och Vëloe féieren ëmmer rëm zu Konflikter mat de Foussgänger, och well entgéint de Bestëmmunge vum Code de la Route ëmmer rëm um Trottoir oder ausserhalb vun deene vun de Gemengen ausgewisenen Zäiten a Foussgängerzone gefuer gëtt. An der Äntwert op déi parlamentaresch Fro Nummer 1233 vum honorabelen Deputéierte Jeff Engelen hat d’Madamm Minister dozou ënner anerem dat hei geschriwwen: “D’Regierung gesäit fir den Ament keng Noutwendegkeet d’Benotzung vun elektreschen Trottinetten un eng spezifesch Haftpflichtversécherung ze bannen, well d’Accidenter mat dëse Gefierer schonns duerch déi perséinlech Haftpflichtversécherung ofgedeckt ginn”.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi dacks et an de Joren 2015 bis 2025 zu Accidenter komm ass, well de Chauffer vun enger Trottinett respektiv e Vëloschauffer e Foussgänger ugestouss hunn?
  • Wéi dacks hunn Affer vun esou Zesummestéiss an deem genannten Zäitraum misse medezinesch behandelt ginn?
  • Wéi dacks hunn goufe an deem genannten Zäitraum Kontrolle vun der Police duerchgefouert, fir d’Fuerverbueter op deenen entspriechende Plazen, respektiv zu deenen entspriechenden Auerzäiten ze kontrolléieren? Wéi vill Verstéiss goufe gestallt?

 

Deel dëse Post: