Illegal Techno-Party am Éislek: Firwat gouf net éischter agegraff?

Rezent huet eng illegal Techno-Party vill Leit am Éislek an der Nuecht net schloofe gelooss. D’Felder vun de Bauere goufen dobäi uerg ramponéiert. Et gouf decidéiert, net anzegräife well et “däischter” war a just “een Accès op de Site” gefouert hätt. Soll dëst e Fräifaartsschäin si fir all méiglech zukünfteg illegal Aktivitéiten, déi ongehënnert kënne stattfannen? De Fred Keup an de Jeff Engelen froen no.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Policeminister weiderzeleeden.

An der Nuecht vum 24. August op de 25. August gouf an der Stauséigemeng, méi genee um Bauschelter Bierg, deen iwwerdeems als Waasserschutzzon ausgewisen ass, eng illegal Techno-Party organiséiert. Eng 300 Leit aus der belsch-hollännescher Zeen waren op där illegaler Party, fir déi d’Stauséigemeng keng Autorisatioun ausgestallt huet. D’Terraine vun de Bauere goufen uerg ramponéiert an d’Awunner goufen an där Nuecht an engem Ëmkrees vun 10 Kilometer an nach méi mat massivem Kaméidi belästeg. Engem Spriecher vun der Police no gouf net agegraff, well just een Accès op de Site gefouert hätt an et iwwerdeems däischter war. Och Moies hunn d’Beamte weiderhin net agegraff, well ee gehofft hätt, sou de Spriecher vun der Police, datt sech déi illegal Party vu selwer géif opléisen. Dëst Virgoe vun der Policedirektioun huet bei de betraffene Leit fir vill Onverständnis gesuergt.

An deem Kontext géife mir dem Här Minister gär follgend Froe stellen:

  1. Wéi ass et an den Ae vum Här Minister ze veräntwerten, datt net schonn an der Nuecht selwer agegraff gouf, fir déi illegal Party opzeléisen?
  2. Wéi ass et an den Ae vum Här Minister ze veräntwerten, datt d‘Police net agegraff huet mam Argument, datt just „een Accès op de Site“ gefouert hätt an et „däischter“ war?
  3. Heescht dëst, datt d’Bevëlkerung an därer Logik net méi mam Agräife vun der Police rechne kann, wann et „däischter“ ass an et just „een Accès“ op e menacéierte Site gëtt?
  4. Ass et an den Ae vum Här Minister net irresponsabel, datt eis Police net capabel ass, zu all Moment kënnen anzegräifen, wann et zu manifesten Illegalitéite kënnt? Wou läit hei d‘Responsabilitéit vun der Policedirektioun?
  5. Ginn et nieft deene vun der Policedirektioun genannte Grënn nach aner Grënn, firwat net mat Zäiten agegraff gouf? Wa jo, wat sinn dës Grënn?

Mat déiwem Respekt, Fred Keup / Jeff Engelen (Deputéierten)

Deel dëse Post: