Déi rezent Hëtztwell an de Schoulen huet de Fred Keup dozou beweegt, e puer Froen un den zoustännege Minister ze stellen.
Fro:
Zu Lëtzebuerg si Primärschoulen a Lycéeën aus diverse Grënn bis elo net flächendeckend mat Klimaanlagen ausgerüst, obschonns gewosst ass, dass a verschiddene Gebaier d’Klassesäll am Summer sech extrem erhëtzen, zumools wann se Richtung Südsäit ausgeriicht sinn.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Am bevëlkerungsräichsten däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen gëllt eng Raumtemperatur vu 27 Grad Celsius laut NRW-Schoulministère als Grenzwäert, deen d’Schouldirektioune berechtegt, d’Kanner heemzeschécken. Vu wéi enger Klassesall-Temperatur u geet den Här Minister dervun aus, dass den Unterrecht schwiereg gëtt, a vu wéini u gesondheetlech geféierlech (zu Lëtzebuerg ginn et Schoulen, wou d’Temperaturen a verschiddene Klassesäll am Summer nomëttes all Joer iwwer 30 Grad Celsius klammen)? Ass de Ministère an deem Kontext scho vu Lycéeë kontaktéiert ginn?
- Ass virgesinn, an Zukunft en Thermometer an de Klassesäll opzehänken an d’Temperaturen ze moossen? Wann net, wat schwätzt géint esou eng Moossnam?
- Kann den Här Minister preziséieren, ob ugeduecht ass, a verschiddene Schoulen a Lycéeën, bei deene gewosst ass, dass d‘Klassesäll am Summer sech extrem erhëtzen, Klimaanlagen ze installéieren, respektiv bei neie Gebaier grondsätzlech Klimaanlagen ze installéieren?
Äntwert:
1. Vu wéi enger Klassesall-Temperatur u geet den Här Minister dervun aus, dass den Unterrecht schwiereg gëtt, a vu wéini u gesondheetlech geféierlech (zu Lëtzebuerg ginn et Schoulen, wou d’Temperaturen a verschiddene Klassesäll am Summer nomëttes all Joer iwwer 30 Grad Celsius klammen)? Ass de Ministère an deem Kontext scho vu Lycéeë kontaktéiert ginn?
Weder am Enseignement fondamental nach am Enseignement secondaire sinn an der aktueller Legislatioun Grenzwäerter fir Temperature virgesinn, ab deenen d’Schoulaktivitéiten automatesch géifen ofgsot an d’Schülerinnen a Schüler heemgeschéckt ginn. Dëst ass och fir d’Zukunft net geplangt. Villméi sollen d’Schoulen an d’Lycéeën op lokalem Plang eng Adaptatioun vun den Aktivitéiten, vum Stonneplang oder vun de raimlechen Dispositioune virhuelen, fir d’Wuelbefanne vun de Schülerinnen a Schüler a vum Personal ze garantéieren. Meng Servicer vum Enseignement fondamental a vum Enseignement secondaire hunn an deem Kontext jeeweils zwou Kommunikatiounen erausgeschéckt, dëst den 30. Juni an den 1. Juli 2025.
2. Ass virgesinn, an Zukunft en Thermometer an de Klassesäll opzehänken an d’Temperaturen ze moossen? Wann net, wat schwätzt géint esou eng Moossnam?
Wärend der Corona-Pandemie si Multifunktiounsgeräter, déi ënnert anerem d’Raumtemperatur an d’Loftfiichtegkeet moossen, un all d’Schoulen an d’Lycéeën am Land verdeelt ginn. Et ass hinne fräigestallt, dës Apparater weiderhin ze benotze fir d’Raumklima an de Klassesäll ze iwwerwaachen an zousätzlech Mesuren ze ergräifen, wann dat sollt néideg sinn.
3. Kann den Här Minister preziséieren, ob ugeduecht ass, a verschiddene Schoulen a Lycéeën, bei deene gewosst ass, dass d‘Klassesäll am Summer sech extrem erhëtzen, Klimaanlagen ze installéieren, respektiv bei neie Gebaier grondsätzlech Klimaanlagen ze installéieren?
Bei der Fro no zousätzlechen Equipementer an de Klassesäll muss een tëscht Fondamental a Secondaire ënnerscheeden.
Enseignement fondamental
Wéi an den Artikele 35 an 58 vun der Loi modifiée du 6 février 2009 portant organisation de l’enseignement fondamental festgehalen, fält et ënnert d’Kompetenz vun de Gemengen, déi néideg Infrastrukturen an Equipementer fir de Fonctionnement vun den ëffentleche Grondschoulen zur Verfügung ze stellen an ze ënnerhalen. Deemno ënnerläit et och de Gemengen, déi am beschten iwwert déi jeeweileg spezifesch Begebenheete vun hire Schoulgebaier informéiert sinn, ze entscheeden, ob d’Abaue vun enger Klimaanlag sënnvoll ass.
Enseignement secondaire
Meng Servicer stinn an engem reegelméissegen Austausch mat de Lycéeë fir – an deene Fäll wou et néideg ass – Mesuren auszeschaffen, fir den techneschen oder baulechen Equipement der klimatescher
Situatioun unzepassen.