Hëllef fir ukrainesch Flüchtlingen

Dagdeeglech wiisst d’Zuel vun de Mënschen, déi aus der Ukrain bei eis op Lëtzebuerg kommen. Mir hunn et mat der gréisster a séierster Fluchtbeweegung an Europa zënter dem Zweete Weltkrich ze dinn. Lëtzebuerg stellt dobäi eng ausseruerdentlech Hëllefsbereetschaft ënner Beweis. Dat ass en exemplaresche Beweis vu Solidaritéit fir eis ukrainesch Noperen an Nout. D’Situatioun an den Heemer, déi vum Staat a vun de Gemengen zur Verfügung gestallt ginn, ass awer scho méi laang ugespaant, well et u Plaze feelt. Ginn et hei keng rechtlech Mëttelen, fir dëse Problem ze léisen?

 

Deel dëse Post: