Grouss Donkelziffer iwwer den illegalen Openthalt

Vill Léit halen sech illegal zu Lëtzebuerg op.

Zu deene meeschten Aspekter kann d’Regierung keng Donnée’e virleeën.

Eis honorabel Deputéierten Dan Hardy a Fred Keup intervenéiere mat enger parlamentarescher Fro.

 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

Am Rapport 2023 iwwer Migratioun an Asyl vum EMN (European Migration Network) fënnt een e Kapitel, dat sech mat der “immigration irrégulière et l’emploi illégal” beschäftegt a sech op d’Gesetz vum 21. Abrëll 2023 “portant modification de la loi modifiée du 29 août 2008 sur la libre circulation des personnes et l’immigration‟ bezitt.

Am Punkt 10.1 vum uewe genannte Rapport steet, datt keng Donnéeën disponibel sinn, wat d’Zuel vun den irreguläre Migranten ubelaangt, ausser déi vun der “Inspection du Travail et des Mines”, woubäi et sech dobäi ëm Mënschen handelt, déi illegal zu Lëtzebuerg beschäftegt waren a keen Openthaltsrecht haten.

An deem Kontext géif ech der Regierung gär follgend Froe stellen:

  1. Wéi vill Mënsche sinn 2023 wéinst illegaler Arees hei zu Lëtzebuerg verurteelt ginn?
  2. Wéi eng Strofe goufen dobäi applizéiert?
  3. Wat gesäit d’Gesetz vir fir Leit, déi illegal agereest Mënschen decken, z.B. andeems si hinnen eng

         Wunneng zur Verfügung stellen?

  1. Wéi eng Mesurë gesäit d’Regierung vir, fir besser géint dës illegal Aktivitéite virzegoen?

Mat déiwem Respekt,

 

 

 

Dan Hardy                                                                                                                                 Fred Keup

Deputéierten                                                                                                                             Deputéierten

Deel dëse Post: