Ginn et Leit, déi hire Führerschäi vum Staat bezuelt kréien?

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Fred Keup an Dan Hardy.

Här President,

esou wéi d’Chamberreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Familljeminister weiderzeleeden.

Ëmmer erëm ginn et Rumeuren, dass verschidde Leit hire Führerschäi gratis maache kënnen, respektiv vum Staat bezuelt kréien.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Ginn et zu Lëtzebuerg Fäll wou Leit hire Führerschäi bezuelt kréie vun der ëffentlecher Hand, ganz oder zum Deel?
  • Falls jo wéi vill esou Fäll waren dat an de leschten 3 Joer?
  • Aus wéi enge Grënn?

Mat déiwem Respekt,

Hei fannt Dir déi Äntwert.

Deel dëse Post: