Geféierlech Kräizung Rossmillen: Wéi geet et weider?

Scho virun dräi Joer huet de Jeff Engelen op déi geféierlech Verkéierssituatioun op der Rossmillen higewisen. A bis elo huet sech an deem Dossier nach näischt gedinn. Grond genuch fir den ADR-Nord-Deputéierten, fir nozefroen.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

De 24. August 2021 hunn ech eng parlamentaresch Fro (N°4892)  gestallt, fir op déi geféierlech Verkéierssituatioun vun der Kräizung op der Rossmillen (CR335 – CR338) hinzeweisen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro huet den deemolege Mobilitéitsminister François Bausch präziséiert, datt eng Sécherheetsetüd um Lafe wier, fir dës Kräizung am Detail ze analyséieren. Weider heescht et, datt no dëser Analys e Projet géif ausgeschafft ginn, deen den Erkenntnisser vun där besoter Analys géif Rechnung droen.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Madamm Minister:

  1. Kann d’Madamm Minister matdeelen, wéi eng Erkenntnisser sech aus där genannter Etüd iwwert d’Kräizung bei der Rossmillen erginn hunn?
  2. Wéi schätzt déi aktuell Regierung – no den Erkenntnisser vun där Analys – d’Geféierlechkeet vun der Kräizung bei der Rossmillen an?
  3. Wéi eng konkret Schrëtt, respektiv Aarbechten si geplangt, fir déi geféierlech Verkéierssituatioun op der Rossmillen ze entschäerfen a wéini ka mat der Ëmsetzung vun deenen Aarbechte gerechent ginn?

Mat déiwem Respekt, Jeff Engelen – Deputéierten

Deel dëse Post: