D’Frankophoniséierung vum Land dréckt sech och doran aus, datt Franséisch d’Sprooch “par défaut” um Site vun der Inspection générale vun der Police ass. D’Alexandra Schoos an den Tom Weidig hunn dozou e puer Froen un d’Regierung.
Fro:
Am Aktivitéitsrapport 2024 vun der Inspection générale de la Police (IGP) liest een am Hibléck op den Internetsite vun der IGP: « Depuis début 2018, le site Internet de l’IGP se présente en quatre langues, à savoir en français, allemand, luxembourgeois et anglais, ce qui permet à un plus grand public de s’informer sur les activités de l’administration. En 2024, le site internet de l’IGP a enregistré 6.051 visites (comparé à 5.551 visites en 2023), réalisées par 4.514 visiteurs uniques. Dans le cadre de ces visites, 12.914 pages ont été consultées, par rapport à 12.405 pages en 2023. Quant aux versions linguistiques préconisées par les internautes, force est de constater que le français demeure de loin la langue de consultation préférée du site avec 73,7 %, devant l’allemand (16,5 %) et l’anglais (8,1 %). Les consultations en langue luxembourgeoise sont très rares (1,7 %). »
Dës Formuléierunge suggeréieren, datt eis Nationalsprooch als “Konsultatiounssprooch” op Internet extreem onbeléift ass, a verschweigen, datt Franséisch d’Sprooch “par défaut” vun der IGP-Homepage ass. Wann – wéi bei ville staatlechen Homepagen – Franséisch als Standardsprooch aprogramméiert ass, da gëllt: E groussen Deel vun den Notzer bleift automatesch an der Sprooch „par défaut“. Dat verfälscht den Androck vun enger bewosster „Sproochepräferenz“ a mécht déi am Aktivitéitsrapport vun der IGP implizéiert Schlussfollgerung iwwer déi „geréng Attraktivitéit“ vum Lëtzebuergesche methodesch problematesch.
An deem Kontext hu mir follgend Froen un d‘Regierung:
- Kann d‘Regierung confirméieren, datt Franséisch op der Homepage vun der IGP als Standardsprooch („par défaut“) aprogramméiert ass?
- Ginn déi ernimmte Prozentsätz op Basis vun aktiv ausgewielte Sproochversiounen erhuewen oder berécksiichtegen si och automatesch geluede Säiten an der Standardsprooch („par défaut“)?
- Gëtt statistesch erfaasst, ob en Notzer d‘Sprooch aktiv gewiesselt huet?
- Hält d‘Regierung déi am Aktivitéitsrapport 2024 vun der IGP gewielte Formuléierung fir methodesch ugemiess, wann net transparent erkläert gëtt, wéi eng Sprooch „par défaut“ gewielt gëtt?
- Plangt d‘Regierung, bei staatlechen Internetsäiten an Zukunft méi transparent tëscht „aktiv gewielter Sprooch“ an „Sprooch par défaut“ ze ënnerscheeden?
- Plangt d’Regierung, d‘Siichtbarkeet vun der lëtzebuergescher Sproochversioun vu staatleche Websäiten ze verbesseren?
- Kéint d’Regierung Lëtzebuergesch net als Sprooch „par défaut“ fir all hir Internetsäite benotzen oder op d’mannst et technesch esou ariichten, datt d’Sprooch zoufälleg gewielt gëtt?