An hirer Interventioun vum 20. Mäerz mécht sech d’Alexandra Schoos staark fir méi Liewensmëttelsécherheet. D’ADR-Presidentin, déi selwer am Domän vun der Liewensmëttelsécherheet geschafft huet, plädéiert iwwerdeems och dofir, déi exzellent an héichwäerteg Liewensmëttel vun de Lëtzebuerger landwirtschaftlechen Acteure nach méi ze promouvéieren.