A senger Interventioun vum 8. Juli freet den Dan Hardy no de kulturellen Zilsetzunge vum Filmfong.
180 Milliounen Euro ginn an den nächste 4 Joer an de Filmfong investéiert.
Als ADR hätte mir eis gewënscht, datt mam neie Gesetz zousätzlech eng onofhängeg Kontrollinstanz geschafe gi wier, wat awer leider net de Fall ass.
D’Membere vum Verwaltungsrot ginn all vun der Regierung ernannt, do bleift ze hoffen, dass an Zukunft net nëmmen nach déi Projeten ënnerstëtzt ginn, déi politesch korrekt sinn …