Fir en effiziente Justizapparat

Duerch de stramme Wuesstem muss och eise Justizapparat ëmmer méi grouss ginn. Fir d’ADR ass et wichteg, datt dëst net zum Nodeel vun der Qualitéit geschitt, esou den Dan Hardy a senger Interventioun vum 18. Mäerz. Déi recrutéiert Magistrate mussen dobäi och d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn an eis dräi administrativ Sprooche weiderhi gutt beherrschen. Och laang Waardezäite fir juristesch Affairen däerfen net sinn.
Deel dëse Post: