Fënnef doudeg Muppen – An elo?

An enger dréngender parlamentarescher Fro wëllen d’Alexandra Schoos an de Jeff Engelen méi gewuer ginn iwwert den trageschen Dout vu fënnef Muppen an enger Déierepensioun.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsminister an un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

D’Déiereschutzorganisatioun FRIDA Asbl huet RTL géint iwwer bekannt ginn, datt et rezent zu Lëtzebuerg zu engem tragesche Virfall koum, wou fënnef Muppen nom Openthalt an enger Déierepensioun gestuerwe sinn. D’Ursaache vun dëse plëtzlechen Doudesfäll si bis dato net bekannt, och wann et heescht, datt d’Hëtzt kéint eng Roll gespillt hunn. D’Modalitéiten, wien autoriséiert ass, esou eng Pensioun ze bedreiwen, fannen sech am Déiereschutzgesetz an iwwerdeems sinn d’Krittären, ewéi een d’Muppen aartgerecht ze halen huet, an engem Règlement grand-ducal vun 2018 fixéiert. Am Kontext vun deem uewe beschriwwenen Incident stellen sech eng ganz Partie froen, ewéi et dozou konnt kommen an op déi entspriechend gesetzlech Dispositiounen och agehalen, respektiv vun den zoustännegen Autoritéite kontrolléiert goufen.

An deem Zesummenhang géife mir der Regierung gär follgend Froe stellen:

  1. Kann d’Madamm Minister confirméieren, datt rezent fënnef Muppen an enger Déierepensioun ëm d’Liewe komm sinn? Gouf an deem Kontext och d’Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) ageschalt?
  2. Goufen an dëser Affär bis dato eng oder méi Plaintë beim Parquet deposéiert?
  3. Huet de Landwirtschaftsministère, respektiv d’ALVA Informatiounen doriwwer, u wat dës Muppe gestuerwe sinn? Goufen an deem Kontext Autopsie bei de verstuerwene Muppen duerchgefouert? Falls jo, zu wéi enger klinescher Diagnostik ass ee komm?
  4. Kann d’Madamm Minister confirméieren, datt déi am Déiereschutzgesetz virgeschriwwen Dispositiounen, fir eng Déierepensioun opzemaachen, am Fall vun dëser spezifescher Déierepensioun agehale goufen? Sinn all entspriechend Krittären, fir d’Muppen aartgerecht kënnen ze versuergen, am Fall vun dëser spezifescher Déierepensioun kontrolléiert ginn? Falls net, firwat goufen hei net déi néideg Kontrollen duerchgefouert?
  5. Kann d’Madamm Minister confirméieren, datt déi am Déiereschutzgesetz virgeschriwwen Dispositiounen, fir eng Déierepensioun opzemaachen, systematesch an ëmmer agehale ginn? Wéi gëtt an deem Zesummenhang kontrolléiert, ob dës Dispositiounen agehale ginn?
  6. Wéi vill Demanden, fir eng Déierepensioun opzemaachen, goufen dem Landwirtschaftsministère an de Joren 2021, 2022 an 2023 zougeschéckt? Wéi vill vun dësen Demandë goufen accordéiert a wéi vill vun dësen Demande goufe verworf?
  7. Kann d’Madamm Minister confirméieren, datt déi am Déiereschutzgesetz virgeschriwwen Dispositiounen, fir Muppen an och aner Déierenzorten aartgerecht ze halen, enger reegelméisseger Kontroll ënnerleien? Wa jo, wéi dacks ginn esou Kontrollen duerchgefouert a wéi dacks ass et an de Joren 2021, 2022 an 2023 zu Verstéiss komm? Wéi enger Natur waren dës Verstéiss?
  8. Am Hibléck op dee rezente Virfall, wou fënnef Muppen an enger Déierepensioun gestuerwe sinn: Wat gedenkt de Landwirtschaftsministère elo konkret ze ënnerhuelen, fir datt et an Zukunft net méi zu sou Incidente kënnt?

Mat déiwem Respekt,  Alexandra Schoos / Jeff Engelen

Deel dëse Post: