Den Norddeputéierte Michel Lemaire leet mat pertinente Froen de Fanger an d’Wonn:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister weiderzeleeden.
Zanter méi wéi zéng Joer verfeelt Lëtzebuerg d’Ziler vun der „EU-Wasserrahmenrichtlinie“, ouni datt et der Regierung gelongen ass, eng nohalteg an effikass Waasserpolitik ëmzesetzen. Trotz widderhuelte Warnungen op europäeschem Niveau an aus der Zivilgesellschaft befënnt sech aktuell kee lëtzebuergescht Uewerflächegewässer an engem gudden ekologeschen Zoustand. Gläichzäiteg besteet nach ëmmer eng grouss Zuel vu Geneemegunge fir z. B. d’Entnam vu Grond- an Uewerflächewaasser, déi zanter Joren onbefrist sinn oder net reegelméisseg iwwerpréift goufen.
Als Konsequenz vun dëse laangjäregen Defiziter huet d’Europäesch Kommissioun e „Vertragsverletzungsverfahren“ géint Lëtzebuerg ageleet. Dëst stellt net nëmmen e politescht Versoen duer, mee kann och zu finanziellen a juristesche Konsequenze féieren, déi um Enn vum Steierzueler ze droe wieren. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 3323 huet den Ëmweltminister erkläert, et wier de Moment „ze fréi“, fir sech zu méigleche Konsequenze fir Lëtzebuerg ze äusseren an huet sech haaptsächlech op lafend Dialoger a Konsultatiounsprozesser beruff.
Virun dësem Hannergrond bieden ech d’Regierung, follgend Froen ze beäntweren:
- Wéi eng konkret finanziell oder juristesch Risike gesäit d’Regierung aktuell am Kader vum lafenden „Vertragsverletzungsverfahren“, falls d’Ziler am Beräich vum Gewässerschutz och weiderhin net erreecht ginn?
- Wéi erkläert d’Regierung, datt Lëtzebuerg d’Ziler vun der „Wasserrahmenrichtlinie“ zanter iwwer zéng Joer verfeelt, ouni datt bis haut wierksam strukturell Korrekturen duerchgesat goufen?
- Wéi vill onbefrist oder net reegelméisseg iwwerpréift Geneemegunge fir ë. a. d’Entnam vu Grond- an Uewerflächewaasser sinn aktuell a Kraaft, a firwat goufen dës Geneemegunge bis elo net systematesch am Liicht vun de verännerte klimateschen an ekologesche Bedéngunge reevaluéiert oder ugepasst?
- Firwat gouf déi ugekënnegt „feuille de route“ am Beräich vum Gewässerschutz net fristgerecht virgeluecht, a firwat gouf op eng eegestänneg, kloer politesch Strategie verzicht?
- Wéi stellt d’Regierung sécher, datt zukünfteg Moossnamen am Gewässerschutz net erëm a laangwierege Konsultatiouns- a Koordinatiounsprozesser stieche bleiwen, mee verbindlech, transparent an zäitno ëmgesat ginn?
Mat déiwem Respekt,
Michel Lemaire
Deputéierten