De Schoulminister léisst säit geraumer Zäit Broschüren un d’Stéit verschécken, déi fir seng schoulpolitesch Iddie Propaganda maachen. De Fred Keup huet douzou e puer onbequem Froen un de Minister:
Fro:
Reegelméisseg kréien d’Leit eng Broschür vum Här Minister mam Numm „EDI“ an d’Haus geschéckt. Dozou hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Wéi dacks gëtt dës Broschür verschéckt an u wéi vill Stéit?
- Wéi vill Leit schaffen un där Broschür?
- Wat ass de finanzielle Käschtepunkt vun der Elaboratioun, Produktioun an Distributioun vun där Broschür?
- Wat ass den Zweck vun dëser Broschür?
- A wéi engem Kontext steet dem Här Minister seng Foto, déi ëmmer op der 3. Säit ass, an zu wéi engem Zweck?
- Kéint den Här Minister sech virstellen, dës Broschür ouni seng Foto erauszeginn?
- Op de Säite 4 a 5 vun der leschter Ausgab steet en Artikel, deen de Projet vun der Alphabetiséierung op Franséisch lueft. Et stinn nëmme Virdeeler vun deem Projet am Artikel. Kann den Här Minister eis och d’Nodeeler vun deem Projet opzielen?
- Wann dës Broschür als Informatioun zum Projet „Alphabetiséierung op Franséisch“ dénge soll, firwat stinn dann net d‘Vir- an Nodeeler vun deem Projet dran?
- Am Artikel steet: « Avec ALPHA − zesumme wuessen, vous aurez le choix d’une alphabétisation en allemand ou en français. » An deem Kontext stellt sech d‘Fro: Ween decidéiert hei am Land iwwer d’Aféiere vun enger Alphabetiséierung op Franséisch?
- Ween huet dësen Text geschriwwen? Wéi kann den Auteur wëssen, dass dat kënnt?
Äntwert:
Den EDI ass en „Infomagazin fir Elteren“, deen d’Vocatioun huet, fir d’Elteren iwwer relevant Themen aus dem Beräich vun der Educatioun ze informéieren. Déi aktuell Ausgab thematiséiert d’Sujete vun der non-formaler Bildung, der Screen-Life-Balance, der YEP!-Schoulfoire, de Perspektiven an de Gesondheetsberuffer a villes méi. Den EDI kënnt zweemol am Joer eraus a gëtt un d’Eltere vun de Schüler aus der Grondschoul an de Lycéeë verschéckt. De Feedback, dee meng Servicer zu dëser Publikatioun kréien, ass iwweraus positiv. Den EDI ass bewosst méisproocheg gehalen, fir och Elteren unzeschwätzen, déi eise Bildungssystem manner gutt kennen. D’Elterenaarbecht ass a bleift e Schlëssel vun engem gudden a sozial-gerechte Schoulsystem. An den EDI ass dobäi eng wichteg Informatiounsquell fir d’Elteren.
Dee vum honorabelen Deputéierten ugeschwaten Artikel presentéiert, op eng fir jidderee verständlech Manéier, Informatiounen iwwer de Pilotprojet ALPHA – zesumme wuessen. Dem honorabelen Deputéierte wäert beim Liesen vun deem Artikel net entgaangen sinn, datt e Kalenner bäigefüügt ass, deen iwwert den Avancement vum Projet renseignéiert. Doraus ze enthuele sinn déi selwecht Informatiounen, déi och vu mir bei all Geleeënheet widderholl ginn: « Depuis la rentrée scolaire 2022/23 quatre écoles fondamentales participent au projet pilote ALPHA – zesummen wuessen. La généralisation du concept au niveau national est prévue en étapes à la suite du vote de la loi afférente. » Et geet deemno kloer aus dem Artikel ervir, datt de Projet sech aktuell um Niveau vun engem „Pilotprojet“ befënnt, a fir eng Generaliséierung eng entspriechend gesetzlech Basis geschafe muss ginn.
Den Auteur vum Text verfüügt domat iwwert déi selwecht Informatioune wéi den honorabelen Deputéierte vu mir an der Kommissiounssëtzung vum 23. Mee 2024 zu deem Thema kritt huet. D‘Chamberkommissioun fir Educatioun, Kanner a Jugend konnt doriwwer eraus d‘Konzept an enger vun de Pilotschoulen am Detail erkläert kréien a sech dobäi och mat den Enseignanten austauschen. De breede Public huet dee Privileeg net, fënnt dofir awer déi wichtegst Informatiounen an Aussoen zu dësem, ewéi zu villen anere Projeten am EDI.
Beim Text op der 3. Säit vum Infomagazin bezitt den honorabelen Deputéierte sech op den Editorial, deen an der Reegel, ouni datt et awer ëmmer de Fall ass, vum zoustännegen a responsabele Minister geschriwwe gëtt. D’Foto nieft dem Text weist den Auteur vum Artikel.
Doriwwer eraus dierft et dem honorabelen Deputéierten och net entgaange sinn, datt d‘Presenz vun engem Editorial vum Minister et erméiglecht, eng kloer Trennung tëschent dem Minister sengen, noutgedrongen als méi politesch empfonnte Messagen an deenen anere faktuellen an informativen Artikelen ze maachen. Déi aner Artikele gi geschriwwen an enker Zesummenaarbecht tëschent Mataarbechter vum Service Communication vum Ministère a vun de jeeweilege Responsabele vun den zoustännegen Directions générales. Dëst mécht natierlech nëmmen e Brochdeel vun deenen Agenten hiren Aufgaben aus. D’Zuel vun de bedeelegte Mataarbechter variéiert dofir och bei all Ausgab. De Budget fir den Drock an d‘Distributioun vum EDI beleeft sech fir d‘Joer 2025 op ronn 250.000 €.