En intressanten LW-Leitartikel zum “Projet Alpha”

An engem LW-Leitartikel ginn am Hibléck op déi 2026/27 ustoend landeswäit Aféierung vum „Projet ALPHA“ der allgemenger medialer, politescher an akademescher Euphorie zu dësem „Joerhonnert-Projet“  e puer kritesch Froen entgéintgestallt, déi de Fred Keup un d’Regierung weiderleet.

Fro:

Am LW-Leitartikel „Luxemburgisch nur noch Nebensache?“ vum 21. August 2025 ginn am Hibléck op déi 2026/27 ustoend landeswäit Aféierung vum „Projet ALPHA“ der allgemenger medialer, politescher an akademescher Euphorie zu dësem „Joerhonnert-Projet“  e puer kritesch Froen entgéintgestallt:

„Doch was bedeutet die frühe Trennung der Schüler nach Sprache und im Fach Mathematik für das schulische Zusammenleben, für das gemeinsame Lernen und das soziale Miteinander? Droht nicht eine noch früher einsetzende Segregation? Reicht das Zusammensein der Schüler im übrigen Unterricht aus, um den sozialen Zusammenhalt zu sichern? Und welche Rolle spielt die luxemburgische Sprache in einem schulischen Kontext, in dem besonders die französischsprachige Gruppe deutlich weniger Kontakt mit der Landessprache hat als bisher?“

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Wéi steet den Här Minister zur Ausso vun der LW-Journalistin, déi uewen zitéiert Froe wieren von großer Bedeutung, wurden bisher aber kaum untersucht“?
  • Kann den Här Minister déi uewen zitéiert Froe beäntweren?

Äntwert:

Ech erënneren dorunner, datt et ënner anerem d’Zil vum Projet ALPHA – zesumme wuessen ass, fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken an trotz ënnerschiddlechen Alphabetiséierungssproochen, d’Schüler zesummen an enger Klass ze ënnerriichten, zumindest fir sämtlech Schoulfächer, ausser de Sproochen an der Mathematik.
Awéiwäit déi an aner Ziler erreecht ginn, war Géigestand vun engem ausféierleche Rapport (Rapports d’évaluation du Projet ALPHA – zesumme wuessen), deen den 11. Juli 2025 der Press an de 15. Juli 2025 der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert gouf. Ech verweisen dofir op dee besote Rapport, deen d’Stellungnam vum Conseil scientifique, der Uni.lu, de Regionaldirektiounen, den Enseignanten, den Elteren an de Schüler integréiert huet. (https://men.public.lu/fr/publications/enseignement-fondamental/informations-generales/rapports-evaluation-alpha.html)
Als Minister ralliéieren ech mech deene Constaten, déi an deem Rapport festgehale goufen, an d’Regierung baséiert sech an hirem weidere Virgoen dorobber.
Wat d‘Fro vun der Presenz vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeet, esou erlaben ech mer hei just kuerz, de Conseil scientifique ze zitéieren. „Le Conseil observe que le luxembourgeois est omniprésent : il joue le rôle de langue véhiculaire dominante et partagée …“.
Wat déi gefaarten Trennung vun de Schüler ubelaangt, esou bezitt och dozou de Conseil scientifique onmëssverständlech Stellung: “Nous souscrivons à la conception globale du programme qui ne crée pas de « classes silos » et qui maintient le projet d’un groupe commun, mixte (Alpha français et Alpha allemand). Nous n’avons en effet jamais senti de répartition entre « groupe faible » ou « groupe fort » mais au contraire un soin et une vraie attention, affective, cognitive, et en un mot éthique pour chaque élève au sein du groupe.“

Deel dëse Post: