Alkoholkonsum gëtt permanent am Verkéier kontrolléiert an och bestrooft. Wéi ass et mam Drogekonsum? Déi verschidden Drogen hu meeschtens och staark negativ Auswierkungen op d’Fuerfäegkeet.
Vir do méi gewuer ze gi stellt den honorabelen Deputéierten Tom Weidig der Regierung déi follgend parlamentaresch Fro.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizminister an un den Här Inneminister weiderzeleeden.
D’Police informéiert reegelméisseg d’Ëffentlechkeet iwwer Alkoholkontrollen am Stroosseverkéier, déi vum Parquet ugeuerdent ginn. Vill manner gëtt allerdéngs iwwer Drogekontrollen am Stroosseverkéier kommunizéiert, obwuel d’Fueren ënner dem Afloss vun Drogen och e Risiko fir d’Verkéierssécherheet duerstellt.
Zënter der Legaliséierung vum rekreative Cannabis am private Kader, den 21. Juli 2023, stellt sech d’Fro, ob a wéi sech dëse Konsum op d’Verstéiss am Beräich vum Fueren ënner Drogenafloss ausgewierkt huet.
An deem Kontext géif ech der Regierung gär follgend Froe stellen:
- Wéi beaflosst de Konsum vun Drogen d’Fuerfäegkeet an d’Verkéierssécherheet? Gëtt et dozou Informatiounsmaterial vum Staat oder aner Organisatiounen, déi des wëssenschaftlech a statistesch Erkenntnisser einfach beschreiwe fir de Bierger?
- Gi bei Drogekontrollen och geleefeg Medikamenter getest, déi bekannt sinn d’Fuerfäegkeet ze beaflossen?
- Wéi vill vum Parquet ugeuerdent Drogekontrollen am Stroosseverkéier goufen zënter der Legaliséierung vum rekreative Cannabis duerchgefouert?
- Wéi verdeelen sech dës Drogekontrollen op déi verschidde Policeregiounen?
- Falls d’Zuel vun den ugeuerdenten Drogekontrollen däitlech méi niddreg ass wéi d’Zuel vun den entspriechenden Alkoholkontrollen: Wéi begrënnt d’Regierung dësen Ënnerscheed? Ginn et dofir operationell, juristesch oder technesch Grënn?
- Wéi vill Infraktiounen am Stroosseverkéier am Zesummenhang mat engem positiven Drogentest goufen an de Joren 2024, 2025 an 2026 festgestallt? Wéi vill Prozent vun de Verstéiss ware schwéier Verstéiss, bei deenen eng signifikant a geféierlech Reduktioun vun der Fuerfäegkeet festgestallt konnt ginn?
- Wéi vill Infraktiounen am Stroosseverkéier am Zesummenhang mat Alkohol goufen an de Joren 2024, 2025 an 2026 festgestallt?
- Wéi huet sech den Undeel vun de positiven Drogen- respektiv Alkoholtester am Verhältnes zur Gesamtzuel vun de jeeweilege Kontrollen an de Joren 2024, 2025 an 2026 entwéckelt?
Mat déiwem Respekt,
Tom Weidig
Deputéierten