D’Regierung ignoréiert hir Flichten

D‘Chamber ass den éischte Pouvoir am Land an et ass hir Aufgab, d’Regierung ze kontrolléieren. Aus deem Grond stellen d’Deputéierter der Regierung z.B. parlamentaresch Froen zu allméigleche Sujeten. An och wann dat emol ganz onkamoud fir d’Regierung ka sinn, huet si hire Flichten nozekommen an déi Froen ze beäntweren.

D’Madamm Gesondheetsminister huet sech der Äntwert op ganz prezis Froen, déi d’ADR-Deputéiert Alexandra Schoos de 6. Mee u si geriicht huet, entzunn. Et geet konkret ëm d’parlamentaresch Fro N°690 vum 6. Mee 2024, déi sech op de Suivi vun de Covid-Moossnamen an den entspriechende Restriktioune bezitt.

D’ADR-Deputéiert versicht Kloerheet ze kréien zu wichtege Froen ewéi déi vun der Zesummesetzung vum Expertegrupp („groupe d’experts indépendants“), deen zesummekomme soll, fir dee besote Suivi ze maachen. Och gëtt gefrot, aus wat fir Beräicher déi Experte kommen a wat fir eng Vertrieder vu gesellschaftleche Gruppe solle mat dobäi sinn, fir den Onofhängegkeetscharakter vun deem Grupp ze garantéieren. Et gëtt no der Organisatioun, de finanziellen a personelle Ressourcë gefrot, ewéi nom ëffentlechen Zougang zur Aarbecht vun deem Grupp an den domat verbonnenen Dokumenter. Et gëtt weider nach no der Transparenz fir de Bierger gefrot, awer och no der Transparenz vun den Informatiounen an Dokumenter, notamment och d‘„Vaccine order forms“, déi deem Grupp fir dës Missioun sollen zur Verfügung gestallt ginn.

Op siwe prezis an detailléiert Froe vun der ADR-Deputéiert ass d’Madamm Gesondheetsminister guer net weider agaang an huet just mat enger kuerz a generell gehalener Äntwert reagéiert.

An esou enger Situatioun huet den Deputéierten d’Recht, den zoustännege Minister opzefuerderen, d’parlamentaresch Fro ze beäntweren, wat d’Deputéiert Alexandra Schoos an dësem Fall och maache wäert. Et bleift trotzdeem eng Respektlosegkeet, net just géintiwwer der Chamber, mee och géintiwwer dem Bierger.

Pressematdeelung vun der ADR vum 12. Juni 2024

Deel dëse Post: