Gëtt d’Léierpersonal iwwerhaapt an d’Debatt ëm LGBTQ-Inhalter an de Schoulen abezunn? Den Tom Weidig huet dozou e puer Froen un de Schoulminister.
Fro:
D’Debatt ëm LGBTQ-Themen an de Schoulen huet an de Medien an an der Ëffentlechkeet héich Welle geschloen. Den 28. Januar 2025 gouf an der Chamber iwwer déi zwou betreffend Petitioune mat jeeweils zirka 10.000 Ënnerschrëften a Presenz vun de Petitionären diskutéiert. Wärend d’Petitioun 3198 d’Iwwerleeung zum Ausdrock bruecht huet, bei den LGBTQ-Sujete wier et un den Elteren ze decidéieren, ob a wéini hir Kanner domat confrontéiert ginn, huet d’Géigepetitioun 3281 gefuerdert, dës Inhalter nach méi wéi bis elo an de Schoulen ze thematiséieren, an dat onofhängeg vun der Wiel vun den Elteren.
Et ass dobäi awer onkloer bliwwen, a wéiwäit dës zweet Petitioun och wierklech de Wëlle vun deene Leit reflektéiert huet, déi an hirer alldeeglecher berufflecher Praxis direkt vun der Diskussioun betraff sinn: d’Léierpersonal aus de Primärschoulen a Lycéeën.
Et ass dofir net verwonnerlech, datt mir am Uschloss un dës Debatt ugeschwat goufe vun enger Rei vu Léierpersounen, déi hir Suerg zum Ausdrock bruecht hunn, si hätte scho genuch aner Problemer mat de Schüler a wieren net bereet, och nach iwwer komplex Sujete wéi aner Geschlechtsidentitéiten a sexuell Orientéierungen, déi kloer eng Majoritéit net direkt betreffen, ze schwätzen. Si wieren och guer net gefrot ginn, ob si iwwerhaapt bereet wieren, iwwer dës Sujete mat Kanner a Jugendlechen ze schwätzen.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Ass d’Léierpersonal aus de Primärschoulen a Lycéeën an der Fro no méi oder manner LGBTQ-Inhalter an de Schoule consultéiert ginn oder wäerte si consultéiert ginn?
- Kann den Här Minister preziséieren, ob geplangt ass, eng anonym Ëmfro ze maachen, déi Opschloss doriwwer soll ginn, wéi d’Léierpersonal zur Fuerderung steet, déi an der Petitioun 3281 erhuewe gouf?
- Huet d’Léierpersonal grondsätzlech e Vetorecht, wann et ëm d’Fro geet, ob extern Leit, z.B. Vertrieder vun LGBTQ-Gruppen, an hir Klasse komme sollen? Wier et net un hinnen, fir ze entscheeden, ob sou Sujeten an hirer Klass thematiséiert sollte ginn?
- Ass d’Léierpersonal ëmmer present, wann extern Leit, z.B. Vertrieder vun LGBTQ-Gruppen, an hir Klass kommen a virun hire Kanner schwätzen?
- Kann d’Léierpersonal agräifen, wa si der Meenung sinn, datt déi extern Persoun eppes seet, wat hirer Meenung no falsch ass, wou och aner Meenungen an der Gesellschaft existéieren, oder wa verschidde vun hire Kanner net prett si fir dee Sujet?