D’Europaparlament diskriminéiert d’Lëtzebuerger!

Anescht ewéi all aner Deputéierter däerfen d’Lëtzebuerger am Europaparlament net an hirer Nationalsprooch schwätzen. Gëschter Owend huet den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser wëllen eng Ried op Lëtzebuergesch halen, nodeems hien all zoustänneg Servicer am Viraus doriwwer informéiert hat. De President ass him an d’Wuert gefall an huet verlaangt, datt hie soll an enger anerer Sprooch schwätzen.

Den ADR-Deputéierten huet dono op Englesch verlaangt, datt d’Parlament de Lëtzebuerger déi selwecht Rechter gëtt ewéi allen aneren EU-Bierger, datt Lëtzebuergesch e Statut am Europaparlament kritt an net weider am EU-Parlament diskriminéiert gëtt.

Als nächste Schrëtt proposéiert de Fernand Kartheiser elo Ännerungen am Reglement vum Europaparlament. D’ADR gëtt net op, bis Lëtzebuergesch e Statut am Europäesche Parlament kritt.

Matgedeelt vun der ADR

Deel dëse Post: