Dermatologen: Nei Zougangsméiglechkeete fir Frankréich zum Nodeel vu Lëtzebuerger?

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

Den 11. Dezember 2025 ass op RTL.lu e Bäitrag mam Titel „Franséisch Residentë kënne vun 2026 un zu Lëtzebuerg bei den Dermatolog“ publizéiert ginn.

An dësem Artikel gëtt erkläert, datt wéinst engem manifeste Manktem un Dermatologen a Frankräich franséisch Residentë vun 2026 un d’Méiglechkeet kréien, zu Lëtzebuerg Spezialiste fir Hautkrankheeten opzesichen.

Allerdéngs ass et kee Geheimnis, datt och hei am Land d’Waardezäite fir e Rendez-vous beim Dermatolog sech heefeg op e puer Méint, bis zu engem hallwe Joer, belafe kënnen.

Parallel zu dëser Ukënnegung ass een och gewuer ginn, datt néng zousätzlech Studieplaze fir Lëtzebuerger Medezinsstudenten op der Université de Reims Champagne-Ardenne geschaf ginn – Studieplazen, déi vu Lëtzebuerg finanzéiert ginn.

An dësem Kontext, a well de Protocole additionnel à la convention cadre territoriale de coopération transfrontalière franco-luxembourgeoise dans le domaine de la santé du 19 octobre 2021, relatif aux consultations de dermatologie au Luxembourg (hors cancérologie et hors esthétique) pour les patients des territoires des CPTS de Thionville Est (57), Moselle trois vallées (57), et du Pays Haut (54) zu dësem Zäitpunkt nach net ëffentlech ass, wëll ech der Madamm Gesondheetsminister déi follgend Froe stellen:

  1. Kann d’Regierung déi genee Zuel vun Dermatologen, déi zu Lëtzebuerg Vollzäit schaffen, matdeelen – ënnerdeelt no Spidol- a Privatsecteur?
  2. Wéi laang sinn aktuell déi duerchschnëttlech Waardezäite fir e Rendez-vous bei engem Hautspezialist?
  3. Wéi en Impakt wäert den Accord mat Frankräich op dës Waardezäiten hei am Land hunn?
  4. Wéi eng Konsequenz huet dat fir Lëtzebuerger Residenten a Grenzgänger? Ginn déi bei Rendez-vouse prioritär behandelt?
  5. Den Accord bezitt sech explizit net op d’Cancerologie. Heescht dat konkret, datt e Patient, bei deem am Kader vun enger reng preventiver oder enger Routine-Ënnersichung eng Form vun Hautkriibs festgestallt gëtt, oder bei deem e Kriibsverdachtsfall virläit, u franséisch Dermatologen zréckverwise gëtt? Oder heescht dat, datt Patienten, bei deenen a Frankräich Hautkriibs diagnostizéiert gouf, net op Lëtzebuerg komme kënnen, fir sech hei behandelen ze loossen?
  6. Am Fall vun enger chirurgescher Interventioun: Fënnt dës Operatioun zu Lëtzebuerg statt oder muss se a Frankräich duerchgefouert ginn? Wéi gëtt d’« continuation des soins» assuréiert?
  7. Wéi funktionéiert an dësem Zesummenhang den Austausch an d’Weiderleedung vum Patientendossier tëschent de lëtzebuergeschen a franséischen Dokteren, respektiv Spideeler?
  8. Wéi ass d’Reglementéierung fir déi franséisch Residenten, déi aktuell net bei der CNS verséchert sinn a vun 2026 un eng dermatologesch Consultatioun zu Lëtzebuerg kréien? Wéi gi bei hinnen d’Käschten ofgerechent?
  9. Ass ugeduecht, dës Consultatiounsméiglechkeet bei Lëtzebuerger Dokteren ze erweideren:
  10. op déi zwee aner Nopeschlänner?
  11. op aner spezialiséiert medezinesch Beräicher?
  12. Ass d’Unzuel u franséische Residenten, déi dëse Service an Usproch huele kënnen, limitéiert, bzw. huet Lëtzebuerg sech dozou verflicht, eng gewëssen Unzuel u Patienten opzehuelen?
  13. Gëtt et en Zesummenhang tëschent der Decisioun, franséische Residenten den Zougang zu Dermatologen hei zu Lëtzebuerg ze garantéieren, an den néng neie Studieplazen zu Reims Champagne-Ardenne?

Mat déiwem Respekt,

Alexandra Schoos

Deputéiert

 

 

 

Hei fannt Dir d’parlamentaresch Fro

Deel dëse Post: