De Site vun der Réimervilla zu Schieren valoriséieren n!

De Site vun der Réimervilla zu Schieren ass eng archeologesch wäertvoll Plaz am Land. De Fred Keup an d’Alexandra Schoos sinn der Meenung, datt onbedéngt an dréngend e konkrete Projet fir eng nohalteg Valorisatioun vun dësem Site ausgeschafft gi muss. Wat seet dozou de Kulturminister?

Fro:

An der Äntwert vun der deemoleger Kulturministesch, der honorabeler Deputéiert Sam Tanson, op d‘parlamentaresch Fro n°5393 vum 15. Dezember 2021 vum honorabelen Deputéierten André Bauler heescht et am Hibléck op de Site vun der Réimervilla zu Schieren, eng archeologesch eminent wäertvoll Plaz am Land:“Et läit den Ament nach kee konkrete Projet um Dësch fir eng nohalteg Valorisatioun vum Site.”

Dofir wollte mir dem Här Kulturminister follgend Froe stellen:

  • Läit mëttlerweil e konkrete Projet um Dësch fir eng nohalteg Valorisatioun vum Site vun der Réimervilla zu Schieren?
  • Wa jo: Wat sinn déi verschidden Etappe vun dësem Projet?
  • Wann nee: Firwat läit bis elo kee konkrete Projet vir? Wéini ka mat engem konkrete Projet gerechent ginn?

(Foto Copyright: Wikipedia Déi fräi Enzyklopädie)

Äntwert:

Läit mëttlerweil e konkrete Projet um Dësch fir eng nohalteg Valorisatioun vum Site vun der Réimervilla zu Schieren?
No de Gruewunge vun de leschte Joren, déi wéinst den aussergewéinleche Fondstécker – notamment Wandmolereien – eng gewëssen Zäit an Usproch geholl hunn (souwuel um Site vum Haaptgebai ewéi um gesamten Areal, op den zwou Säite vun der B7) huet den INRA Optioune virbereet fir de weidere Verlaf vun de Gruewungen, souwéi d’Valorisatioun vum Haaptgebai mëttelfristeg an d’Weeër ze leeden.
2. Wa jo: Wat sinn déi verschidden Etappe vun dësem Projet?
Zu deene verschiddenen Etappe vum Projet gehéiert och déi méiglech Erfarungen – positiv wéi negativ – vun änleche Sitten am Ausland ze studéieren. Dat erlaabt et Feeler ze vermeiden an en eenzegaartegt Konzept z’entwéckelen, wat och zukünftege musealen Erfarungen net am Wee steet. Dofir geet den INRA sech d’Réimervilla am Silberberg zu Ahrweiler an Däitschland ukucken. Duerno ass eng Machbarkeitsstudie virgesinn an da muss um Niveau vun de concernéierten Acteuren entscheet gi wéi e Projet genee zréckbehale gëtt.
3. Wann nee: Firwat läit bis elo kee konkrete Projet vir? Wéini ka mat engem konkrete Projet gerechent ginn?
De Site ass, wat d’Lag an d’Fondstécker ugeet, immens sensibel. E läit am Hang, an der zone verte, nieft enger wichteger Verkéiersoder – et gëllt also virsiichteg a Schrëtt fir Schrëtt virzegoen. Dobäi sinn ech zouversiichtlech, datt mir bis Ugangs 2027 e konkrete Projet an d’Viséier wäerte faasse kënnen.

Deel dëse Post: