Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Fred Keup.
Betreff: De Statut vum «salarié handicapé», Zuele vun deene leschte Joren an eventuell Verbesserunge bei der Integratioun an d‘Aarbechtswelt déi virgesi wären?
Här President,
Esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Aarbechtsminister weiderzeleeden.
Et ass bekannt, datt Leit mam Statut vum „salarié handicapé“ et net einfach hunn sech um Aarbechtsmaart ze integréieren. Persoune mat enger Behënnerung doen sech och haut nach schwéier domat, eng adequat Aarbecht ze fannen.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär follgend Froe stellen:
-
- Wéi vill enregistréiert Leit, déi no enger Aarbecht sichen, hunn de Statut vum
„salarié handicapé“? - Wéi huet sech dës Zuel an deene leschte Joren entwéckelt?
- Ass virgesinn, weider Mesuren op de Wee ze bréngen, fir déi Leit nach besser ze
ënnerstëtzen an hiren Integratiounsprozess an d’Aarbechtswelt ze verbesseren?
- Wéi vill enregistréiert Leit, déi no enger Aarbecht sichen, hunn de Statut vum
Mat déiwem Respekt,
Fred Keup
Deputéierten