De Problem mat den invasiven Aarten, d’Zoustännegkeeten, an der heimat verbonnener Kommunikatioun

De Jeff Engelen an den Tom Weidig maachen sech Gedanken iwwert déi ëmmer méi seriö Problematik vun den invasiven Aarten hei am Land.
Eng “Question parlementaire” geet der Saach gären no.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister an den Här Ëmweltminister weiderzeleeden.

Am “Luxemburger Wort” war kierzlech en Artikel mam Titel “Asiatische Hornissen bauen Nest in Abtei Neumünster” (24.10.2025) ze liesen. Datt déi invasiv Aarten ëmmer méi zu engem Problem ginn, ass net méi ze leegnen a mëttlerweil vun deene meeschte Leit gewosst. Wéi ee kann a soll dogéint virgoen, ass leider net ëmmer bekannt.

 

An deem Zesummenhang géife mir der Regierung gär dës Froe stellen:

  1. Ass déi éischt Ulafstell bei Problemer mat esou invasiven Aarten nach ëmmer d’ANF
    (Administration de la nature et des forêts)?
  2. Kann d’ANF sech selwer ëm d‘Ewechhuele vun dësen Näschter këmmeren oder mussen si déi Aarbechte weiderginn?
  3. Wee muss fir d’Käschten opkommen, wann e Privathaus oder e Privatterrain betraff ass?
  4. Wat sinn déi prozedural Ënnerscheeder bei asiateschen Hornissen am Verglach mat eisen europäeschen Harespelen, déi jo geschützt sinn?
  5. Ginn et Fäll, wou de CGDIS, also d’Pompjeeën, mussen oder kënnen agräifen, wann et dréngend ass?
  6. Déi richteg Informatioune schéngen nach net iwwerall am Land ukomm ze sinn. Wéi plangt d’Regierung an deem Kontext ze kommunizéieren, fir dësen Zoustand ze verbesseren?

 

Mat déiwem Respekt,

Jeff Engelen                                                                                             Tom Weidig
Deputéierten                                                                                           Deputéierten

Deel dëse Post: