D’Direktesch aus dem LTPES huet sech net un d’Neutralitéitsgesetz gehalen!

Am Kader vun den Diplomiwwerreechungen am LTPES, de 4. Juli 2024 a Presenz vun der Justizministesch an den 8. Juli a Presenz vum Schoulminister, huet d’Direktesch vun dësem Lycée, d’Claudine Muller, Member bei “déi Gréng”, gesot: „Mir gesi besonnesch elo a Frankräich, wat dat bedeit. Déi politesch Entwécklung an deene leschte Wochen an eisem Nopeschland huet mir d’Schudderen de Réck erof lafe gelooss. An ech muss soen, datt ech, dee bis elo keen immense Fan vun engem Ousmane Dembélé, engem Kilian Mbappé oder engem Marcus Thuram war, een immense Respekt virun dësen dräi zum Deel nach jonke Sportler hunn, déi kloer Stellung bezunn a sech vun de Faschisten distanzéiert hunn.“  1)

Hei gëtt sech net neutral verhalen an demokratesch Parteie ginn als „Faschisten“ betitelt. Weider sot si: „Et ass nogewise ginn, an dat war an de leschte Wochen an diverse gutt recherchéierten Artikelen an der Press ze liesen, datt Leit mat engem Premièresofschloss manner derzou tendéieren, déi rietsextreem Parteien ze wielen oder och deen amerikanesche Chef Populist Donald Trump ze ënnerstëtzen. Et schéngt, wéi wann e Secondaires-Ofschloss an domat schoulesch Bildung de Stellewäert vun enger Impfung géint Rietsextremismus a Populismus kéint hunn. Et ass also gutt a wichteg, datt een eng Première muss hunn, éiert een d’Terminale an Ugrëff huele kann, fir den Diplôme d’État als Educateur oder Educatrice ze maachen. Och a Bezuch op Äre Premièresdiplom wäert Dir spéider ëmmer eng Virbildfonktioun fir Jonker kënne sinn: Motivéiert si, fir hire Schoulofschloss ze maachen a fir domat, hoffentlech, gewappnet ze sinn géint d’Populisten an d’Extremisten!“ 2)

Hei gëtt net d’Neutralitéit agehalen, well d’Direktesch sech kloer géint en eventuellen amerikanesche President Trump ausschwätzt. A weider: Ech sinn op jidde Fall immens erliichtert, datt déi Rietsextreem gëschter a Frankräich op mannst keng absolut Majoritéit kritt hunn.3)

Hei gëtt erëm kloer d’Neutralitéit gebrach, andeems den Ausgang vun de Walen a Frankräich op eng tendenziell Manéier kommentéiert gëtt. Et stellt sech d’Fro, wat esou politesch Kommentaren iwwerhaapt an enger Diplomiwwerreechungsried verluer hunn! Onofhängeg dovun ass d‘Gesellschaft divers; ënnert de Schüler, Elteren a Proffe ginn et souwuel Leit, déi politesch “lénks” wéi och politesch “riets” agestallt sinn, an “rietsextrem” ass e vage Begrëff, deen a Frankräich benotzt gëtt fir Politiker ze diffaméieren.

D’ADR erënnert un d’Verflichtung zur Neutralitéit vun de Staatsbeamten, sou wéi se am Art. 14 vun der Loi du 16 avril 1979 fixant le statut général des fonctionnaires de l’Etat” (version consolidée applicable au 27/02/2024) ausformuléiert ass: «Le fonctionnaire est tenu aux devoirs de disponibilité, d’indépendance et de neutralité.»

A Frankräich gëtt dës Verflichtung follgendermoossen ausgedréckt: « Un agent public (…) doit respecter une obligation de neutralité en application de laquelle il ne doit pas, dans l’exercice de ses fonctions (…) manifester ses convictions qu’elles soient religieuses, philosophiques ou politiques, à l’égard des usagers et de ses collègues. » (Devoirs de réserve, de discrétion, de neutralité et secret professionnels dans la fonction publique | Service-Public.fr)

D’ADR fuerdert deemno de Schoulminister op, de Commissariat du Gouvernement chargé de l’instruction disciplinaire anzeschalten, fir dëse Fall ze iwwerpréiwen.

 Matgedeelt vun der ADR

 

1)2)3) https://ltpes.lu/338-f%C3%A9licitations-aux-dipl%C3%B4m%C3%A9%C2%B7es-du-ltpes-2024

 

Deel dëse Post: