Mëssstänn a Chaos bei de Police- an Arméishelikopteren. A senger Interventioun vum 9. Mäerz werft de Fernand Kartheiser iwwerdeems d’Fro op, wéi et ka sinn, dass d’Policehelikopteren iwwerhaapt net esou kënne genotzt ginn, wéi dat misst sinn: D’Beamten däerfe keng Waffen an den Helikopter mathuelen an de Policehelikopter däerf net preventiv landen, wann d’Police vun engem geplangte Verbrieche Bescheed weess. Eenzegaarteg Mëssstänn zu Lëtzebuerg an en Arméi- an Transportminister, deen de Problem net wierklech upake wëll…