Erëm eng Broschür, déi just op Franséisch ass …
Parl. Fro vum Tom Weidig:
D’Broschür “Plan d’action 2026-2030” vun “LuXembourg Let’s make it happen” ass de Moment ausschliisslech op Franséisch verfügbar. Dobäi sinn d’Lëtzebuergescht, d’Däitscht an d’Franséischt gläichberechtegt administrativ Sproochen zu Lëtzebuerg, woubäi d’Lëtzebuergescht d’Nationalsprooch ass. Besonnesch bei enger Broschür, déi Informatiounen am Kontext vun engem vum Steierzueler matfinanzéierten Aktiounsplang bereetstellt, stellt sech d’Fro, ob eng ausschliisslech franséisch Versioun net vu Virera potenziell intresséiert Bierger vum Liesen ofhält.
An deem Zesummenhang géif ech dem Här Wirtschaftsminister gär follgend Froe stellen:
- Aus wéi enge Grënn ass d’Broschür “Plan d’action 2026-2030” vun “LuXembourg Let’s make it happen” ausschliisslech op Franséisch verfügbar?
- Firwat gëtt de Site net och op Däitsch ugebueden?
- Ass den Här Minister der Meenung, datt eng eesproocheg franséisch Presentatioun mat der Gläichberechtegung vun den administrative Sproochen an dem Prinzip vun der Méisproochegkeet konform ass?
- Wéi bewäert den Här Minister d’Tatsaach, datt vill Residenten net iwwer genuch Franséischkenntnisser verfügen, fir all d’Informatiounen an dëser Broschür ouni Schwieregkeeten ze verstoen?
- Ginn et Pläng, d’Broschüre vun “LuXembourg Let’s make it happen”an Zukunft och op Lëtzebuergesch an/oder Däitsch verfügbar ze maachen? Wa jo, bis wéini? Wann nee, firwat net?