Bëschbränn am belschen “Hohen Venn”: Froen op Froen…

De Michel Lemaire geet de gesondheetlechen Auswierkunge vun dësem Virfall an der Informatiounspolitik vun der Regierung op de Fong.

Fro:

E Freideg, de 14. August 2026, ass géint der Mëtteg am “Hohen Venn” an der Belsch e Groussbrand ausgebrach, deen d’Autoritéiten aktuell ëmmer nach an Otem hält. Am Laf vum Samschdeg sinn d’Auswierkunge vun deem Brand och zu Lëtzebuerg ze spiere gewiescht. Samschdes owes war esou z.B. plazeweis am Éislek en däitleche Brandgeroch ze verzeechnen, d’Loftqualitéit war deemno beanträchtegt, eppes, wat och visuell wouerzehuele war. Iwwer Nuecht hunn d’Auswierkunge vum Groussbrand däitlech zougeholl, a sonndes moies war op ville Plazen d’Siichtqualitéit däitlech ageschränkt, notamment och am Norde vum Land, an de Brandgeroch war massiv.

Den torfhaltege Buedem, deen am “Hohen Venn” verbrannt ass, setzt Gëftstoffer ewéi Feinstëbs, Kuelemonoxid, Stéckoxiden, Schwiefeldioxid a Kuelewaasserstoff (PAK) fräi, déi noweislech gesondheetlech Schied kënne verursaachen.

Déi belsch interregional Ëmweltagence (IRCEL – CELINE) huet gëschter, also e Sonndeg, de 16. August 2026, stënterlech Miessunge verëffentlecht, wat d’Loftqualitéit ugeet, déi en däitleche Risiko am Hibléck op de Feinstëbs uweisen.

Zu Lëtzebuerg ass eng éischt Alerte awer eréischt sonndes um 08:58 Auer publizéiert ginn. E Warnhiweis per SMS, fir d’Fënsteren zouzemaachen, koum eréischt gëschter Owend um 19:55 Auer.

Bis dohi war d’Bevëlkerung plazeweis scho massivem Damp ausgesat, eng Situatioun, déi grad fir krank Mënschen eng Belaaschtung, respektiv geféierlech ka sinn.

An deem Kontext stellen sech dach awer eng ganz Rei Froen am Hibléck op Informatiounspolitik an Transparenz.

Dowéinst wëll ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  1. Firwat hunn déi national Autoritéiten net méi proaktiv a preventiv iwwer d’Gesondheetsrisiken informéiert, déi mam Brand am “Hohen Venn“ verbonne waren?
  2. Firwat gouf den LU-Alert-System e Samschdeg eréischt sonndes um 08:58 Auer aktivéiert? Wéi eng Critèren hunn dës Verspéidung gerechtfäerdegt?
  3. Firwat goufen eréischt sonndes kuerz viru 15:00 Auer LU-Alert-SMSen un d’Bierger am Norde geschéckt? Firwat um 20:00 Auer nach emol eng LU-Alert-SMS, wou et op eemol heescht „Rauch vorsorglich Fenster schließen“, dat nodeems den Haaptdamp tëscht 9:00 a 14:00 Auer am Norde vum Land eriwwergezunn ass? Firwat ass dësen Opruff net an der Haaptbelaaschtungszäit sonndes moies erausgaangen?
  4. Op wéi enger wëssenschaftlecher an operationeller Basis gouf den Alarmniveau als einfach Informatioun an net als Gesondheets- oder Ëmweltwarnung agestuuft?
  5. Wéi schätzt d’Regierung den allgemenge Risiko an, grad och fir eeler Leit oder krank Mënschen, dee mam Fräisetze vun de sëllege Gëftstoffer, virun allem dem däitlech erhéichte Feinstëbs-Wäert, deen déi belsch Ëmweltautoritéit nogewisen huet, verbonnen ass?
  6. Wéi eng konkret Moossname goufen ergraff, wuelgemierkt e Samschdeg Owend wéi och e Sonndeg tëscht 9:00 a 15:00 Auer, fir d’Awunner vun de betraffene Gemengen iwwer déi potenziell Geforen ze informéieren, déi mam Anootme vu Feinstëbs an anere Substanze verbonne sinn?
  7. Firwat gouf keng spezifesch Informatiounscampagne fir vulnerabel Gruppen duerchgefouert, besonnesch fir Kanner, eeler Leit, schwanger Fraen a Leit, déi u respiratoreschen oder kardiovaskuläre Krankheete leiden?
  8. Waren an den Ae vun der Regierung d’Informatiounen, déi un d’Ëffentlechkeet weidergeleet goufen, komplett ausräichend, kloer, transparent an zougänglech?
  9. Ginn, respektiv goufe wärend dem Brand systematesch, esou wéi an der Belsch, Loftqualitéitsmiessungen duerchgefouert an d’Resultater lafend a komplett publizéiert?
  10. Firwat goufe vun den zoustännegen nationalen Autoritéite bis 19:30 Auer respektiv 20:00 Auer e Sonndeg Owend keng spezifesch Consignen, wat de Schutz vun der Gesondheet am Hibléck op Fräizäitaktivitéiten, d’Belëftung vun Haiser oder de Schutz vu vulnerabele Persounen ugeet, erausginn?
  11. Gëtt eng onofhängeg Evaluatioun vun der Gestioun vun dësem Virfall duerchgefouert, fir all d’Mängel bei der Informatiounspolitik an dem Schutz vun der Ëffentlechkeet ze identifizéieren?
  12. Wéi eng Lektiounen zéien déi national Autoritéiten aus dëser Situatioun, fir d’Gestioun vu méiglechen zukünftege grenziwwerschreidenden Ëmwelt- a Gesondheetskrisen ze verbesseren?
  13. Erkennen déi national Autoritéiten un, datt de Virsiichtsprinzip eng méi séier a méi entscheedend Kommunikatioun mat der Ëffentlechkeet hätt rechtfäerdege kënnen?
  14. Kënnen déi national Autoritéiten de Moment garantéieren, datt et kee kuerz- oder laangfristege Gesondheetsrisiko fir d’Awunner gouf, déi dem Damp ausgesat waren? Wa jo, op wéi enge wëssenschaftlechen Analyse baséiert dës Ausso?
  15. Gesäit d’Regierung am Hibléck op hir Informatiounspolitik, och wat den LU-Alert-System ugeet, e Vertrauensverloscht? Wat jo, wéi wëll d’Regierung dat verluerent Vertrauen erëmgewannen? Wat bedeit dëse Virfall fir d’Resilienzstrategie?

Foto Copyright: Pixabay

Deel dëse Post: