Oft héiert ee vu jonke Leit, datt si an hirer Beruffsausbildung Problemer mam Franséischen hunn. De Fred Keup geet där Fro no.
Fro:
Am Kader vun der Beruffsorientéierung fir Secondairesschüler spillen Transparenz an Zougänglechkeet vun Informatiounen zu berufflechen Ausbildungen an de betreffenden Unterrechtssproochen eng wichteg Roll. Aktuell existéieren zwar offiziell Dokumenter wéi d‘Beruffslëscht vum Service d’orientation professionnelle (ADEM) oder d‘MENJE-Broschür Offre scolaire, déi eng Iwwersiicht iwwer déi ugebuede Beruffsausbildungen zu Lëtzebuerg vermëttelen. Zudeem gëtt et eng „Annexe A – Liste des métiers et formations“ am Journal Officiel.
Allerdéngs gëtt et keen ëffentlech zougänglecht Dokument, dat an enger eenzeger Tabell:
- souwuel all d’Beruffsausbildungen (z. B. Coiffer, Mechatroniker asw.), déi hei am Land an ëffentleche Secondairesschoulen ugebuede ginn,
- opgeschlësselt no den eenzelne Schoulen, déi dës Ausbildunge jeeweils ubidden,
- wéi och déi jeeweileg Unterrechtssproochen (DE/FR/LU/EN) oplëscht.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Här Minister gär follgend Fro stellen:
- Kann den Här Minister eis esou en Dokument zoukomme loossen?