Eis Deputéiert Lexy Schoos geet der Saach op de Grond a stellt déi néideg Froen un d’Madamm Gesondheetsminister.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister, Madamm Minister fir Sozialsécherheet, weiderzeleeden.
Et ass selbstverständlech, datt een déi eng oder aner berufflech Virdeeler wéi och Nodeeler huet, wann een als Salarié respektiv als Independant täteg ass. Net selbstverständlech ass awer de Fait, datt weiblech Independanten, deenen hir Aarbecht am Fall vun enger Schwangerschaft zum “inventaire des postes à risques” gehéiert, a fir déi et keng Méiglechkeet fir en temporairen Amenagement vun der Aarbechtsplaz gëtt, enger Ongerechtegkeet ausgesat sinn.
Déi grad erwäänte betraffen Independante gi benodeelegt op e puer Punkten, nämlech hu si kee Recht op eng berufflech Dispens, esoubal d’Schwangerschaft festgestallt gëtt. Ganz am Géigesaz zu hire Fachkolleegen, déi déi nämmlecht Aarbecht als Salarié maachen an déi Dispens ze gutt hunn, woumat si an hir Schwangerschaft kengem Risiko duerch d’Aarbecht ausgesat ginn an dann och keng substanziell Aboussen hunn, wann et ëm de Revenu wärend der Dispens-Zäit geet, déi ronn 6 Méint virum Congé maternité ausmécht.
Dozou kënnt nach, datt déi hei erwäänte betraffen Independante bei der Berechnung vun hirem Revenu wärend dem Congé maternité an dem Congé parental substanziell Aboussen hunn, doduerch, datt si eben trotz “postes à risques” kee Recht op déi ronn 6 Méint Dispens bis zum Congé maternité hunn. Doduerch, datt si dat Recht net hunn, hu si ronn 6 Méint virum Congé maternité entweder guer kee Revenu, wa si sech an hir Schwangerschaft net wëllen deene reelle Risiken duerch d’Aarbecht aussetzen an ophale mat schaffen; oder si hu ronn 6 Méint virum Congé maternité substanziell Abousse bei hirem Revenu, wa si an deene Méint d’Risiken an domat och hir Aarbecht esouwäit et geet aschränken fir net musse ganz opzehale mat schaffen.
Dës finanziell Abousse féieren nach méi wäit, well sech doraus nach e weidere Problem ergëtt. Nämlech gëtt doduerch deene betraffene Fraen hire Revenu och wärend dem Congé maternité an dem Congé parental zousätzlech duerch substanziell Abousse gekennzeechent, well d’Berechnungsbasis fir de Revenu wärend dem Congé maternité sech ebe genau op déi viregt 6 Méint bezitt a fir de Revenu wärend Congé parental op déi viregt zwielef Méint.
An deem Kontext wéilt ech der Madamm Minister gär follgend Froe stellen:
-
- Ass d’Regierung sech dësem Problem bewosst?
- Ass d’Regierung och der Meenung, datt dës Ongerechtegkeet am Sënn vun enger ënnerstëtzender Familljepolitik onbedéngt muss opgeléist ginn? Wa jo, wéi gedenkt si hei genau virzegoen an a wéi engem Zäitraum?
- Ass d’Regierung gewëllt, de Problem vun der Dispens fir déi erwäänte betraffen Independanten ze léisen an dofir ze suergen, datt och si endlech dat néidegt Recht op eng Dispens kréien? Wa jo, wéini géingen hei déi gesetzelech Upassunge virgeholl ginn?
- Wann net, ass d’Regierung gewëllt, d’Berechnungsbasis fir de Revenu wärend dem Congé maternité a Congé parental unzepassen an z.B. ëm sechs Méint no vir ze verréckelen, fir dëser finanzieller Ongerechtegkeet endlech wéinstens deelweis entgéintzewierken, wuelwëssend dass den Aarbechtsrisiko fir déi Frae wärend der Schwangerschaft ëmmer nach bestoe bleift?
Mat déiwem Respekt,
Alexandra Schoos
Deputéiert