Bauschuttdeponie am Raum Stengefort-Garnich?

Ass am Raum Stengefort-Garnich eng Bauschuttdeponie geplangt a falls jo, wéi een Impakt hätt dës op d’Bierger an hir Liewensqualitéit. Dat wëll de Fred Keup vum Ëmweltminister gewuer ginn:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister weiderzeleeden.

No mengen Informatiounen ass am Raum Stengefort-Garnich eng Bauschuttdeponie geplangt.

An deem Zesummenhang géif ech dem Här Ëmweltminister gär dës Fro stellen:

  • Kann den Här Minister déi Informatioun bestätegen?
  • Falls jo, kann den Här Minister Detailer dozou ginn, ënnert anerem zu den Auswierkungen op de Verkéier an d’Natur an déi domat verbonnen Liewensqualitéit vun den Awunner aus der Regioun?

 

Deel dëse Post: