An enger parlamentarescher Fro wëll den Nord-Deputéierte Jeff Engelen gewuer ginn, ob verschidden Dispositioune vum ASBL-Gesetz konform mam Dateschutz sinn.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.
Am ASBL-Gesetz vum 7. August 2023 steet ënnert Artikel 9, Paragraf 2 geschriwwen:
Tout membre peut demander une copie ou consulter au siège de l’association le registre des membres, les procès-verbaux et les décisions de l’assemblée générale et du conseil d’administration, les documents comptables de l’association ainsi que le texte coordonné des statuts. Les documents et pièces mentionnés ci-dessus ne pourront pas être déplacés.
Ënnert Artikel 12, Paragraf 2 steet weiderhi geschriwwen:
Tout membre qui en fait la demande doit recevoir dans un délai de quatre jours et gratuitement un exemplaire du projet de budget, des documents comptables et dans la mesure où un tel rapport doit être établi, un rapport du réviseur d’entreprises agréé.
An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Madamm Minister:
- Kann d’Madamm Minister allgemeng präziséieren, ob an a wéi wäit déi zitéiert Paragrafe konform si mam Lëtzebuerger Dateschutzgesetz vum 1. Abrëll 2018?
- Kann d’Madamm Minister méi spezifesch präziséieren, ob an a wéi wäit déi zitéiert Paragrafe konform si mam Lëtzebuerger Dateschutzgesetz, am Fall wou e Member vun enger bestëmmter ASBL eng Kopie vun internen Donnéeën – esou wéi uewen zitéiert – vun dëser ASBL ausgehändegt wëll kréien?
Mat déiwem Respekt, Jeff Engelen – Deputéierten