Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Fred Keup an Tom Weidig.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Banneminister weiderzeleeden.
D’Benotze vun elekt Schockgewierer (“Tasers”) duerch Poliziste gouf souwuel an Däitschland wéi och a Frankräich getest an duerno applizéiert. A Frankräich huet de Gebrauch vum Taser sech bewäert. An engem Artikel op Europe 1, deen den 19. November 2023 publizéiert gouf (Longue portée, plus de cartouches : ce Taser révolutionnaire que pourrait bientôt utiliser la police (europe1.fr), gëtt erkläert: «En 2022, la police a eu une augmentation de l’usage du Taser sur le terrain avec aucun blessé. Et en 2021, il y avait un blessé pour environ 3.000 usages (…) en proportion, c’est l’arme qui fait le moins de blessures par rapport à son usage sur le terrain.» De Gebrauch vun dëser Waff huet et fäerdeg bruecht, méi wéi eng geféierlech Situatioun an eisen Nopeschlänner ze berengegen.
An deem Zesummenhang géif ech dem Här Banneminister gär dës Froe stellen:
- Wéi steet d’Regierung zum Asaz vum Taser duerch d’Police?
- Wat hält d’Regierung vun der Notzung vun dëser Waff an den Nopeschlänner?
Mat déiwem Respekt,