Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheets- a Sozialversécherungsminister weiderzeleeden.
Nom rezenten Informatiounen an engem Schreiwes, dat mir virläit, vun der Association des Médecins et Médecins-Dentistes (AMMD) un hir Memberen ass d’Mediatioun tëscht der AMMD an der Caisse nationale de santé (CNS) am Kader vun de Verhandlungen iwwert eng nei Konventioun gescheitert. D’AMMD deelt mat, datt si ënnert dëse Konditioune keng nei Konventioun ënnerschreiwe wäert an datt déi aktuell Konventioun Enn Oktober 2026 ausleeft. No de Bestëmmunge vum Code de la sécurité sociale géif an deem Fall e règlement grand-ducal déi wesentlech Dispositioune vun der Konventioun ersetzen. D’AMMD mécht dobäi och Suergen iwwert déi zukünfteg Organisatioun vun der Gesondheetsversuergung an déi méiglech Konsequenze fir d’Patiente geltend.
Onofhängeg vun der Bewäertung vun de Positioune vun de verschiddenen Acteure stellt sech d’Fro, wéi d’Regierung déi aktuell Situatioun analyséiert an op wéi eng Manéier si gedenkt, eng kontinuéierlech a qualitativ héichwäerteg Gesondheetsversuergung fir d’Assuréeën ze garantéieren.
An deem Kontext géif ech gären déi follgend Froen un d’Madamm Gesondheets- a Sozialversécherungsminister stellen:
- Bestätegt d’Madamm Minister, datt d’Mediatioun offiziell gescheitert ass?
- Wéini gëtt de Procès-verbal vun der Mediatioun der Madamm Minister zougestallt oder ass en der Madamm Minister schonn zougestallt ginn?
- Gëtt de Procès-verbal der Chamber, bezéiungsweis der zoustänneger Chamberskommissioun, zur Verfügung gestallt?
- Wéi eng konkret Propositiounen huet d’CNS am Laf vun de Verhandlungen an der Mediatioun der AMMD ënnerbreet?
- Wéi eng vun de Fuerderunge vun der AMMD goufen duerch d’CNS respektiv d’Regierung akzeptéiert, deelweis akzeptéiert oder refuséiert?
- Wéi gouf bei de Verhandlungen tëscht der CNS an der AMMD dem Ëmstand Rechnung gedroen, datt extrahospitalier Dokteren hir Praxis-, Personal- a Materialkäschten iwwer hir Tariffer finanzéiere mussen, wärend d’Infrastruktur- a Betribskäschte vun de Spideeler separat iwwer d’Spidolsbudgete finanzéiert ginn?
- Ass d’Regierungder Meenung, datt nach realistesch Chancen op eng nei Konventioun virum Auslaf vun der aktueller Konventioun bestinn?
- Falls net, huet d’Regierung scho mat der Virbereedung vum règlement grand-ducal, dee virgesinn ass, ugefaangen? Wann net, wéi ass de virgesinnen Zäitplang?
- Op wéi eng Bestëmmunge vum Code de la sécurité sociale stäipt sech dëse règlement grand-ducal a wéi vill Spillraum léisst dës Bestëmmung der Regierung bei der Ausaarbechtung vum règlement grand-ducal?
- Wéi eng Dispositioune vun der aktueller Konventioun sollen an de règlement grand-ducal iwwerholl ginn, a wéi eng net?
- Wéi ee rechtleche Kader géif gëllen, wann de règlement grand-ducal nom Auslafe vun de Konventioune geriichtlech suspendéiert géif ginn?
- Wéi wäert an Zukunft d’Festleeë vun den Tariffer fir medezinesch an zännmedezinesch Prestatioune gereegelt ginn?
- Wéi wäert d’Matsprooch vun den Dokteren an den Zänndokteren no Auslaf vun der Konventioun garantéiert ginn?
- Wéi eng konkret Auswierkunge gesäit d’Regierung fir d’Patienten, besonnesch wat den Accès zu Spezialisten, d’Waardezäiten an d’ambulant Versuergung ugeet?
- Huet d’Regierung eng Evaluatioun gemaach iwwer déi méiglech finanziell an organisatoresch Konsequenze vum Auslaf vun der Konventioun fir d’CNS an de Gesondheetssystem? Wa jo, wat sinn d’Schlussfollgerungen?
- Wéi eng Gespréicher sinn nach virun Enn Oktober 2026 tëscht der Regierung, der CNS an der AMMD geplangt?
- Kann d’Madamm Minister ausschléissen, datt et nom Auslaf vun der aktueller Konventioun zu Stéierungen an der Gesondheetsversuergung oder zu enger Verschlechterung vum Zougang vun de Patienten zu medezinesche Prestatioune kënnt?
- Ass d’Regierung der Meenung, datt d’Ziler aus dem Koalitiounsaccord am Beräich vun der Stäerkung vun der ambulanter Medezin an der Entlaaschtung vun de Spideeler bis elo ëmgesat goufen? Falls jo, op Basis vu wéi enge konkrete Resultater?
Mat déiwem Respekt,
Alexandra Schoos
Deputéiert
Hei fannt dir de Link zur Fro:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/08/QP_64689_1786387394424.pdf