Elektronesch Sécherheetssystemer sinn ëmmer méi präsent an eiser Welt. Mat de richtege Geräter kennen och déi gehackt ginn, an dann ass den deieren Auto schnell geklaut.
Vir do méi gewuer ze gi stellt den honorabelen Deputéierten Tom Weidig der Regierung déi follgend parlamentaresch Fro.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.
No engem Artikel am Tageblatt vum 28. Juli 2026 mam Titel “Diebstähle im großen Stil” benotzt déi organiséiert Kriminalitéit ëmmer méi komplex Geräter, fir Autodéifställ am grousse Stil duerchzeféieren.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Sinn elektronesch Geräter, déi Sécherheetssystemer vu Gefierer ëmgoe kënnen, zu Lëtzebuerg legal a fräi verkeeflech? Falls jo, ënnerläit de Verkaf, de Besëtz oder d’Aféiere vun däraartege Geräter besonnesche gesetzleche Beschränkungen oder Kontrollen?
- Leien den Ermëttler am Zesummenhang mat de jéngsten Déifställ vu ronn 20 Luxusautoen Hiweiser vir, datt déi ugewant Geräter zu Lëtzebuerg beschaaft goufen, oder goufen dës nom Stand vun den Ermëttlungen am Ausland besuergt?
- Gesäit d’Regierung ugesiichts vum Asaz vun elektronesche Geräter duerch organiséiert Täter Handlungsbedarf, fir den Zougang zu däraartege Geräter anzeschränken oder hire Verkaf besser ze kontrolléieren? Ass op EU-Niveau eng Initiativ amgaang?
- Ass der Regierung bezéiungsweis den Ermëttler tëschenzäitlech bekannt oder besteet ee Verdacht, wéi eng Aart vun elektronesche Geräter oder Technologië bei de jéngsten Autodéifställ fir d’Ëmgoe vun de Sécherheetssystemer agesat goufen? Falls jo, ëm wéi eng Aart vu Geräter handelt et sech dobäi?
- Am Zesummenhang mam Déifstall vu Luxusautoen ass an engem aneren Artikel vum 31. Juli 2026 aus dem “Républicain Lorrain” ze liesen, datt am Ganze siwen Infraktioune festgestallt goufen. Am Artikel ginn awer nëmmen zwou vun dësen Infraktiounen explizitt genannt. Kann den Här Minister preziséieren, ëm wéi eng fënnef weider Infraktiounen et sech dobäi handelt?
Mat déiwem Respekt,
Tom Weidig
Deputéierten