Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.
Aus dem Journal officiel vum 17. Juli 2026 geet ervir, datt d’FLLAM d’Konventioun vum 10. Juni 2015 mat der CNS integral gekënnegt huet. D’Kënnegung ass op den 11. Juni 2026 datéiert an den 3. Juli 2026 bei der CNS agaangen. D’Verhandlungen iwwer eng nei Konventioun hunn de 27. Juli 2026 ugefaangen.
De Code de la sécurité sociale gesäit e Preavis vun zwielef Méint vir. Wärend dëser Zäit bleift déi aktuell Konventioun voll a ganz a Kraaft, sou datt sech fir déi Verséchert näischt um Tiers payant an um Remboursement ännert.
Wann innerhalb vu sechs Méint no der Kënnegung keng Eenegung fonnt gëtt, convoquéiert d’IGSS d’Parteie fir e Mediateur ze bestëmmen. D’Mediatioun huet duerno dräi Méint Zäit, fir zu enger Eenegung ze kommen. Scheitert och dës, ginn déi obligatoresch Bestëmmunge vun der Konventioun duerch e Règlement grand-ducal festgeluecht.
Souwäit aus den ëffentlech zougänglechen Informatiounen ervirgeet, gouf d’Kënnegung nieft der Verëffentlechung am Journal officiel weder vun der CNS nach vum zoustännege Ministère ëffentlech kommunizéiert.
An deem Zesummenhang erlaben ech mir, der Madamm Minister follgend Froen ze stellen:
- Huet d’FLLAM hir Kënnegung begrënnt? Wa jo, wat fir Grënn huet si der CNS matgedeelt a steet d’Kënnegung den Informatioune vun der Regierung no am Zesummenhang mat rezente finanziellen oder strukturelle Mesuren am Beräich vun de Laboranalysen?
- Wéini gouf d’Madamm Minister iwwer d’Kënnegung informéiert? Gouf et nieft der Verëffentlechung am Journal officiel eng ëffentlech Kommunikatioun vun der CNS oder vum Ministère? Wann nee, firwat net?
- Kann d’Madamm Minister bestätegen, datt d’Friste vu sechs an zwielef Méint den 3. Juli 2026, also um Dag vun der Receptioun vun der Kënnegung duerch d’CNS, ugefaangen hunn? Wat sinn deemno déi genee Stéchdatumer fir déi weider Prozedur an den Oflaf vun der aktueller Konventioun?
- Sollt nom Oflafe vum Preavis nach keng nei Konventioun a Kraaft sinn: Bleift den Tiers payant fir Laboranalysen automatesch bestoen? Wa jo, op wéi enger rechtlecher Basis? Wann nee, missten déi Verséchert d’Käschte vun den Analysen am Viraus bezuelen an duerno bei der CNS areechen?
- Kann d’Madamm Minister preziséieren, wéi eng fir déi Verséchert relevant Bestëmmunge vun der aktueller Konventioun net duerch e Règlement grand-ducal no Artikel 70, Paragraph 2, vum Code de la sécurité sociale bäibehale kënne ginn? Wéi wëllt d’Regierung verhënneren, datt hiert Wechfalen zu manner favorabele Konditiounen oder zu enger rechtlecher Lacune féiert?
- Falls et nom Auslafe vun der aktueller Konventioun zu konkrete Stéierungen oder Aschränkunge bei den Analysen an de private Laboratoirë komme sollt: Wéi eng Auswierkungen hätt dat op den LNS, deen haut schonn en Deel vun de spezialiséierten Analysen iwwerhëlt? Ass den LNS personell, technesch a finanziell an der Lag, eng méiglech zousätzlech Belaaschtung op d’mannst zäitweis opzefänken?
Mat déiwem Respekt,
Alexandra Schoos
Deputéiert
De Link zur Fro fannt Dir hei:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/08/QP_64695_1786387599196.pdf