Sprooch vum Internetsite vun der Arméi

Datt den Internetsite vun der Arméi just op Franséisch ass, ass fir de Fred Keup net akzeptabel. Hei seng parl. Fro un d’Regierung.

Fro:

D’Säit armee.lu, déi den offiziellen Internetsite vun der Lëtzebuerger Arméi duerstellt, ass de Moment ausschliisslech op Franséisch verfügbar. Dobäi sinn zu Lëtzebuerg d’Lëtzebuergescht, d’Däitscht an d’Franséischt administrativ Sproochen, woubäi d’Lëtzebuergescht d’Nationalsprooch vum Land ass. Am Kontext vun der ëmmer nees ervirgehuewener Wichtegkeet vun der Méisproochegkeet an der Biergerproximitéit vun der Verwaltung stellt sech d’Fro, ob eng eesproocheg Kommunikatioun op engem offiziellen Internetsite vun enger staatlecher Institutioun dëse Prinzippie gerecht gëtt.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Minister gär follgend Froe stellen:

  1. Aus wéi enge Grënn ass den offiziellen Internetsite armee.lu ausschliisslech op Franséisch verfügbar?
  2. Firwat gëtt de Site net och op Lëtzebuergesch an/oder Däitsch ugebueden?
  3. Ass d’Madamm Minister der Meenung, datt eng eesproocheg franséisch Presentatioun mam Usproch vun der Lëtzebuerger Méisproochegkeet an der Gläichberechtegung vun den administrative Sprooche konform ass?
  4. Wéi bewäert d’Madamm Minister d’Tatsaach, datt vill Lëtzebuerger Bierger net iwwer genuch Franséischkenntnisser verfügen, fir all Informatiounen op dësem Site ouni Schwieregkeeten ze verstoen? Gesäit si doranner e Problem fir d’Zougänglechkeet vun den Informatiounen?
  5. Ginn et Pläng, den Internetsite an Zukunft och op Lëtzebuergesch an/oder Däitsch verfügbar ze maachen? Wa jo, a wéi engem Zäitraum? Wann nee, firwat net?
Deel dëse Post: