Sprooch vum Internetsite vum CGDIS

Datt den Internetsite vum CGDIS just op Franséisch ass, ass fir de Fred Keup net akzeptabel. Hei seng parl. Fro un d’Regierung.

Fro:

Den Internetsite 112.public.lu, deen de CGDIS bedreift, ass de Moment ausschliisslech op Franséisch verfügbar. Dobäi sinn d’Lëtzebuergescht, d’Däitscht an d’Franséischt gläichberechtegt administrativ Sproochen zu Lëtzebuerg, woubäi d’Lëtzebuergescht d’Nationalsprooch ass. Besonnesch bei engem Internetsite, deen Informatiounen am Beräich vun der ëffentlecher Sécherheet an den Noutdéngschter bereetstellt, stellt sech d’Fro, ob eng ausschliisslech franséisch Kommunikatioun net mat Risike fir déi betraffe Bierger verbonne kéint sinn. Et geet hei ëm Informatiounen, déi prinzipiell fir all Bierger esou einfach wéi méiglech zougänglech sollte sinn.

An deem Zesummenhang géif ech dem Här Inneminister gär follgend Froe stellen:

  1. Aus wéi enge Grënn ass den offiziellen Internetsite 112.public.lu ausschliisslech op Franséisch verfügbar?
  2. Firwat gëtt de Site net och op Lëtzebuergesch an/oder Däitsch ugebueden?
  3. Ass den Här Minister der Meenung, datt eng eesproocheg franséisch Presentatioun mat der Gläichberechtegung vun den administrative Sproochen an dem Prinzip vun der Méisproochegkeet konform ass?
  4. Wéi bewäert den Här Minister d’Tatsaach, datt vill Lëtzebuerger Bierger net iwwer genuch Franséischkenntnisser verfügen, fir all d’Informatiounen op dësem Site ouni Schwieregkeeten ze verstoen? Gesäit hien doranner e Problem fir d’Zougänglechkeet vun Informatiounen, déi am Beräich vun der ëffentlecher Sécherheet relevant sinn?
  5. Ginn et Pläng, den Internetsite an Zukunft och op Lëtzebuergesch an/oder Däitsch verfügbar ze maachen? Wa jo, bis wéini? Wa nee, firwat net?

 

Deel dëse Post: