Klore Kader fir Planzeschutzmëttel – dat begréisse mir. Mir sti fir méi Transparenz a kloer Reegelen am Ëmgang mat Planzeschutzmëttelen – am Sënn vun der Gesondheet vu Mënsch, Déier an Natur. Gläichzäiteg ass et wichteg, d’Bürokratie ze reduzéieren an d’Landwirtschaft net nach méi ze belaaschten. Kontrollen: jo – mee mat Mooss, verhältnisméisseg a fair. Käschten dierfen net nëmme vun eise Baueren a Wënzer gedroe ginn. Mir gesi si als Partner, net als Verdächteger. Eng nohalteg Landwirtschaft brauch realistesch Reegelen – an d’gesellschaftlech a politesch Unerkennung fir déi, déi se all Dag droen.
Kuckt a lauschtert hei déi ganz Ried vum Michel Lemaire: