Mat Besuergnis hëlt d’ADR d’Ukënnegung vum Schoulminister Claude Meisch zur Kenntnis, d’Offer u frankophone Klassen am Secondaire an an der Beruffsausbildung massiv auszebauen. Vun der Rentrée 2026/2027 u soll d’Zuel vun de 7e francophones am Secondaire général vu 6 op 17 Lycéeë klammen, am Classique vun 1 op 4 an am Preparatoire vun 2 op 10.
Erëm weist sech e bedenklecht Muster: Reforme vu grousser Tragwäit ginn ouni seriéis Consultatioun vum Léierpersonal, vun Elteren, Schüler an anere wichtegen Acteuren decidéiert an duerno iwwer d’Medien als “fait accompli” presentéiert. Esou e Virgoen ass engem demokratesche Rechtsstaat net wierdeg a weist e Politikstil, bei deem Dialog a Matbestëmmung als Stéierfaktor ugesi ginn.
Kee stellt a Fro, datt Lëtzebuerg op d’Erausfuerderunge vun enger sproochlech diverser Gesellschaft Äntwerte fanne muss. Mee grad dowéinst däerfen Decisioune vun esou enger Bedeitung net hannert zouenen Diere getraff ginn.
Zënter Jore bedreift de Schoulminister eng Politik vun der progressiver Fragmentéierung vum Schoulsystem. Ëffentlech Europaschoulen, ALPHA-Klassen an ëmmer méi frankophon an anglophon Offere ginn no an no ausgebaut. All eenzel Moossnam gëtt vum Minister als „Meilesteen“ um Wee zu enger inklusiver Gesellschaft presentéiert. Eng déifgräifend gesellschaftlech Debatt iwwer déi laangfristeg Konsequenze vun dëser Entwécklung gëtt awer konsequent vermidden.
Aus engem homogene Schoulsystem fir jiddereen entsteet ëmmer méi en Nieftenee vu sproochleche Parallelstrukturen. Wat als Äntwert op gesellschaftlech Erausfuerderunge presentéiert gëtt, riskéiert a Wierklechkeet zu enger gesellschaftlecher Spléckung ze féieren. Eng Schoul, déi ëmmer méi no Sproochegruppen opgedeelt gëtt, verléiert hir zentral Integratiounsfunktioun.
D’lëtzebuergesch ëffentlech Schoul ass säit Joren zum Experimentallaboratoire vun enger ideologesch motivéierter Bildungspolitik ginn. Si muss eng Plaz bleiwen, wou jonk Mënschen – onofhängeg vun hirer Hierkonft oder Mammesprooch – gemeinsam Wäerter, gemeinsam Referenzen an e gemeinsaamt Zesummegehéiregkeetsgefill fir eist Land entwéckele kënnen.
Mir fuerderen d’Regierung op, dëse Kurs ze stoppen an endlech eng breet national Debatt iwwer d’Zukunft vun eise Schoulen anzeleeden. Fundamental Reformen däerfen net méi am Elenggang decidéiert an dann iwwer Pressekonferenze verkënnegt ginn.
Wie gesellschaftlechen Zesummenhalt erhale wëll, muss d’Schoul als gemeinsaamt Fundament stäerken an net hir graduell Fragmentéierung virundreiwen.
Matgedeelt vun der ADR Fraktioun