Weist d’ALIA ëmmer méi hir Schwächten?

Hei fannt Dir eng Parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.

 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Delegéiert Madamm Minister fir Medien a Connectivitéit weiderzeleeden.

Laut engem rezenten Artikel (Reporter: Une démission discrète et des failles persistantes) an der Press ass e Member vum Verwaltungsrot vun der ALIA am Dezember 2025 zréckgetrueden. Bis dato ass nach keen Nofollger ernannt ginn. Wärend där Zäit soll de Verwaltungsrot weider zesummekomm sinn, an e soll mat nëmmen dräi respektiv véier Memberen Entscheedunge getraff hunn. Dat, obwuel d’Gesetz e Verwaltungsrot vu fënnef Membere virgesäit. Doriwwer eraus thematiséiert den Artikel intern Spannungen, déif Meenungsverschiddenheeten a Bedenken, déi vun engem fréiere President vun der ALIA am Kader vun der eventueller politescher Iwwernam vun der Reguléierungsautoritéit ausgedréckt goufen.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:

  1. Firwat huet d’Regierung dee fräië Poste vun engem Member vum Verwaltungsrot fir e puer Méint vakant gelooss, obwuel an där Zäit wichteg Entscheedunge getraff goufen?
  2. Ass d’Regierung der Meenung, datt d’Aarbechtsmethod vun der ALIA de gesetzleche Viraussetzungen entspriechen, besonnesch wat d’Entscheedungsfäegkeet an d’Repräsentativitéit vum Verwaltungsrot ugeet?
  3. Wéi eng Moossname plangt d’Regierung, fir déi tatsächlech Onofhängegkeet vun der ALIA ze garantéieren, besonnesch am Liicht vun de Bedenken, déi vu fréiere Beamte vun der Reguléierungsautoritéit iwwer potenziell politesch Amëschung geäussert goufen?
  4. Kann d’Regierung garantéieren, datt déi rezent Entscheedungen betreffend RTL an aneren Acteuren aus dem audiovisuelle Secteur, net vun der geschwächter Gestiounsstruktur vun der ALIA, beaflosst gi sinn?

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: