Fir d’ADR ass kloer: Dignitéit um Liewensenn heescht net nëmmen, Prozeduren ze kontrolléieren. Et heescht virun allem, datt kee Mënsch eleng gelooss gëtt. Déi 1. Prioritéit muss eng staark Palliativversuergung sinn: Schmäerztherapie, Zäit, Begleedung, Ënnerstëtzung fir d’Familljen an Informatioun iwwer Patienterechter, Patienteverfügung a Vertrauenspersoun. Mir froen eng éierlech Bestandsopnam: Kënnt Palliativmedezin wierklech iwwerall um Terrain un – doheem, am Spidol an an de Fleegeheemer? Eis Positioun ass kloer: Patienterechter stäerken, Lücken am Gesetz zoumaachen, Gewëssensfräiheet respektéieren – an de Mënsch bis zum Schluss mënschewierdeg begleeden.