Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Delegéiert Madamm Minister fir Medien a Connectivitéit weiderzeleeden.
E rezenten Artikel, deen den 11. Abrëll 2026 am Tageblatt publizéiert gouf („Der unsichtbare Krieg − wie Russland Demokratien von innen zerstört“), beschreift Methoden, déi d‘Russesch Federatioun angeblech benotzt, fir en „onsichtbare Krich“ géint europäesch Demokratien ze féieren, besonnesch duerch Desinformatioun, d’Infiltratioun vun Organisatiounen, d’Manipulatioun vun der ëffentlecher Debatt an d’Ausnotze vun institutionelle Schwächten. Laut den zitéierten Experte sinn dës Strategien explizit dorobber ausgeriicht, déi sozial Kohäsioun, d‘Vertrauen an d‘Institutiounen an déi politesch Stabilitéit vun den europäesche Staaten ze schwächen.
An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:
- Wéi eng spezifesch Moossname goufen ergraff, fir Institutiounen, Autoritéiten, politesch Parteien a Medie viru Manipulatiounen ze schützen?
- Huet d’Regierung eng kloer Evaluatioun vun der Vulnerabilitéit vu Lëtzebuerg, besonnesch wat follgend Punkten ugeet:
– d’Cybersécherheet vun Institutiounen,
– de Schutz vu sensibelen Donnéeën,
– d’Iwwerwaachung vun Desinformatiounsnetzwierker,
– d’Risike vum Afloss vu Veräiner, ONGen oder wirtschaftlechen Acteuren? - Firwat gouf et keng strukturéiert ëffentlech Erklärung zu dësem Thema, obwuel aner europäesch Länner schonn detailléiert Rapporten iwwert d’Risike vun auslännescher Amëschung presentéiert hunn?
- Kann d’Regierung garantéieren, datt keng Organisatioun, déi zu Lëtzebuerg aktiv ass – egal ob am politeschen, associativen, kulturellen oder wirtschaftleche Beräich –, aktuell ënnert dem direkten oder indirekten Afloss vu feindlechen auslänneschen Intressie steet? Wa jo, op wéi enger faktescher Grondlag baséiert dës Garantie?
- Huet Lëtzebuerg vir, säi gesetzleche Kader ze stäerken, fir Amëschungsversich besser opzedecken, ze verhënneren an och eventuell ze bestrofen, wéi et scho verschidden Nopeschlänner gemaach hunn?
- Ass d’Regierung der Meenung, datt d’Lëtzebuerger Bevëlkerung genuch geschützt an informéiert ass, wat méiglech auslännesch Desinformatiounscampagnen ugeet?
Mat déiwem Respekt,