Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Familljeminister an un d’Madamm Minister fir Gläichstellung an Diversitéit weiderzeleeden.
Laut engem rezenten Artikel mam Titel “Feminismus mit Rissen”, deen den 3. Abrëll 2026 am Tageblatt publizéiert gouf, gëtt d’Plattform vum Internationale Fraendag (JIF), déi d’“Marche féministe” vum 8. Mäerz organiséiert, mat interner Kritik konfrontéiert. Dat virun allem, wat d’Organisatioun vum Event ugeet.
An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:
- Kritt d’Plattform “JIF” ëffentlech Finanzmëttele fir d’Organisatioun vun der “ Marche féministe” oder fir aner Aktivitéiten? Wa jo, wéi eng Zomme goufen an deene leschte fënnef Joer accordéiert, an no wéi enge Krittären?
- Kontrolléieren déi zoustänneg Ministèren, ob Associatioune wéi d’JIF, déi mat ëffentleche Sue finanzéiert ginn, d’Sécherheet an déi ëffentlech Uerdnung bei Evenementer garantéieren? Wa jo, wéi gëtt dës Kontroll ausgeüübt?
- Et gouf gemellt, datt et bei der “Marche féministe” zu Spannungen tëscht Organisateuren an Aktiviste wéi och zu Gesetzesverstéiss komm ass. Goufen déi zoustänneg Ministèren iwwer dës Virfäll informéiert? Wa jo, wéi eng Moossname goufe geholl?