Säit dem Dezember 2024 ass de Biergerkrich a Syrien offiziell eriwwer. Deementspriechend entfält och d’Ursaach, firwat vill syresch Staatsbierger ursprénglech vum Recht op Asyl zu Lëtzebuerg profitéiert hunn. Ma mat där obligatorescher Réckféierung, fir datt d’Leit beim Opbau hëllefe kënnen, ass d’CSV-DP-Regierung net all ze presséiert. Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz huet bäi engem Staatsbesuch vum syreschen Iwwergangspresident awer dovu geschwat, datt 80 Prozent vun de Syrer an Däitschland ënnerhalb vun den nächsten dräi Joer heemgoe sollen. Mécht d’Regierung sech déi Analyse fir Lëtzebuerg zu eegen? Eng parlamentaresch Fro vum Fred Keup:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister, den Här Familljeminister an den Här Inneminister weiderzeleeden.
Bäi engem Staatsbesuch vum syreschen Iwwergangspresident Ahmed al-Scharaa huet den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz den 30. Mäerz annoncéiert, datt an den nächste Joren 80 Prozent vun de Leit, déi sech als Biergerkrichsflüchtlingen an Däitschland ophalen, bannent den nächsten dräi Joer sollen an hiert Heemechtsland zeréckgoen.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
- Wéi beurteelt d’Regierung d’Situatioun vun de Syrer hei am Land? Ass d’Regierung och der Meenung, datt déi grouss Majoritéit vun hinne soll zeréckgoen?
- Kéint d’Regierung sech virstellen, bäi der Réckféierung vu Syrer mat den däitschen Autoritéiten zesummen ze schaffen, notamment am Beräich vum Transport? Falls net, firwat net?